Diskussioun:Gambit

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Nee, domat ass „Leichtfigur“, „Pièce mineure“, resp. „Minor piece“ gemengt. Dorënner versteet een de Leefer an de Sprénger. --Volvox 13:22, 20. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
A sou, da wier et jo eng "liicht Figur". --Cornischong 15:36, 20. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
„Liichtfigur“ ass eng fest Bezeechnung, déi Figure sinn nämlech net onbedingt méi liicht wéi di aner. --Volvox 14:58, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
A mengem Tarrasch heescht dat "Endspiele mit leichten Figuren" an ë.a, "untertützt von einer leichten Figur" (och op der Säit 81 a menger Editioun). Do geet ausdrécklech net vu "Leichtfigur" Rieds. Domat dierft et jo kloer sinn. --Cornischong 15:13, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Et géing mech och interesséieren, a watfir engem seriéisen däitsche Wierderbuch den Ausdrock "Leichtfigur" ze fannen ass. Am Wahrig an am Duden fannen ech et net. Esouguer de Grimm ernimmt et net. Da bleiwen der net méi vill. W.e.g. awer lo net mat der de-Wikipedia kommen; déi fleete jo "no Bedarf" all etabléiert Wierderbuch voll. --Cornischong 15:34, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Am Wahrig an am Duden fënnt ee wuel kaum sou spezifesch Begrëffer wéi „Leichtfigur“ an den Tarrasch gouf virun 78 Joer (1931) geschriwwen an ass domat wuel keng Referenz wat d'Wiel vun de Begrëffer ubelaangt. Doriwwer eraus fënnt ee bei Google fir „Leichtfigur“ 3.180 a fir „leichte Figur“ nëmmen 227 Säiten. Dat ass natierlech kee Beweis mais en zimmlech eendaitegen Hinweis. --Volvox 16:08, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Tja, de Guggel: Wann ech bei "Seiten auf Deutsch" "Leichtfigur" aginn, gëtt e mer 3.910 Seiten un; bei "leichte Figur" 496.000. Am Fall vu "Web" kréien ech bei "Leichtfigur" der 6.880 a bei "leichte Figur" der 438.000. Mer kënne dat natierlech och mat Fixspéin auslousen oder den Euro geheien. De Guggel als Referenz, wien hätt et geduecht? --Cornischong 16:45, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Éischtens hunn ech ni behapt, Google wier eng Referenz: ech hunn et just als Hinweis genannt. An zweetens muss een natierlech leichte Figur tëschent Gänsefüßchen setzen ("leichte Figur"), soss kritt een all Knascht ugewise wou nëmme leichte oder Figur dra vierkënnt. Wann een et richteg mecht, kënnt een op ca. 230 Säiten. --Volvox 16:49, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
An der 5. Oplag (1982) vun „Endspielpraxis im Schach. Die moderne Schachlehre des internationalen Großmeisters.“ vum Ludek Pachman steet eendäiteg a konsequent „Leichtfigur“. --Volvox 17:04, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Genus vum Wuert „Gambit“[Quelltext änneren]

Wat dat grammatikalescht Geschlecht vum Wuert „Gambit“ ubelaangt, sou hunn ech dräi Schachkollege konsultéiert, déi all mat mir enger Meenung sinn, datt „Gambit“, wéi och am Däitschen, sächlech ass. Volvox 18:40, 29. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]