Diskussioun:Gare Marbehan

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Gare huet fënnef Quaien.[Quelltext änneren]

Do schéngt mer d'Definitioun vu Quai a Gleis verwiesselt ze sinn. Ee Quai kann duerchaus e puer Gleiser bedéngen. An dësem Fall mengen ech dass zu Marbehan keng fënnef Quaie sinn mä fënnef Gleiser, wouvunn se nach net alle fënnef fir de Persounentransport zougänglech sinn.

Zu Arel z.B. ginn et 3 Quaien an 8 Gleiser, wouvunn 5 Gleiser fir de Persounentransport.

Vläicht leien ech awer falsch mat menger Meenung a loosse mech gär beléieren. --Pecalux 10:45, 2. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien: Marbehan huet 3 Quaien.

  • Quai 1 (1. Gleis)
  • Quai 2 (2. an 3. Gleis)
  • Quai 3 (3. a 4. Gleis)
  • 5. Gleis ouni Quai

Ob se all a Betrib sinn, wees ech allerdéngs net. Les Meloures 11:01, 2. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Et ass och schwéier fir dat ganzt auserneen ze halen. Betruechte mer als Quai de gebauten Deel dann huet Marbehan der 3 a véier Gleiser. Arel och, mä mat 5 Gleiser. E Quai kann souwäit wéi ech erausfonnt hunn een oder zwee Gleiser fir de Persounentrafic zervéieren oder eventuell souguer keent. Leider gëtt dacks einfach d'Numeréierung vum Gleis an der Gare als Nummer vum Quai betruecht. Ech hu mech och do scho verrannt. (z.b Gare Stackem. Gëtt verbessert). En Artikel iwwer de Quai (Eisebunn) wier vläicht net esou schlecht. Les Meloures 11:40, 2. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]