Diskussioun:Gauß (Moosseenheet)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat heescht dësen Artikel "Gauß-Eenheet" an als Link gëtt "Tesla-Moosseenheet" proposéiert? Kënne mer net wéi d'Transmuselaner de Klamerprinzip huelen an do "Gauß (Eenheet)" an "Tesla (Eenheet)" soen? --Otets 08:29, 4 Mee 2005 (UTC)

Wéi ech deen Artikel gesouch, hunn ech mer och vill Froe gestallt, an en dofir mol als "Test" heihigesat. Als "Gauß (Eenheet)" gesinn ech en net gär, well dat Wuert "Eenheet", wann et aleng steet, komesch wierkt, well d'Wuert u sech net gutt (wann iwwerhaapt) ze verstoen ass. Wéi wier et mat "Gauß (Moosseenheet)". Da kréie mer, sowäit ech et gesinn, vill, wann net alles, domat agebonnen. Wat seet d'Vollek? freet de --Cornischong 09:07, 4 Mee 2005 (UTC)

Ech hu kee Problem mat enger "Gauß (Moosseenheet)". Et kann een effektiv d'Wuert "Eenheet", wann et dann tëscht Klameren oder soss eleng steet, als "Moosseenheet" verdäitlechen. Wann et awer am Zesummenhang mat anere Wierder steet, mat deenen et en eegene nei Sënn gëtt, da bleift et "Eenheet" (z.B. "Astronomesch Eenheet" oder "SI-Eenheet"). --Otets 09:35, 4 Mee 2005 (UTC)