Gauß (Moosseenheet)

Vu Wikipedia

Gauß (An der Schwäiz oder am angelsächsesche Sproochraum och Gauss, Ofkierzung G) ass d'Moosseenheet fir d'magnéitesch Fléissdicht B am Gauß CGS-System. Si ass benannt no dem Carl Friedrich Gauß.

D'Moosseenheet Gauß gëtt nach haut an der Astrophysik gebraucht. Déi aktuell benotzt SI-Eenheet heescht Tesla. D'Ëmrechnung ass 1 Gauß = 1*10−4 Tesla.