Diskussioun:Geesseknäppchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

De Geesseknäppchen ass eng Kopp am Weste vun der Stad Lëtzebuerg tëscht de Quartieren Hollerech a Märel a Belair.

Wann ech déi Quartiersdiskussiounen aus de leschten Deeg kucken, da schéngt mer hei eppes net ze stëmmen. Wann d'Ännerungen déi am Gaange sinn, ofgeschloss sinn da redresséieren ech dat. --Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 25. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]

D'Grenze vun de Quartieren vun der Stad si mat Sécherheet iergend eng Kéier an de leschte Joren oder Jorzengte verännert ginn. Ech si selwer op enger Plaz vun der Stad opgewuess déi deemools nach zum Quartier Hollerech gehéiert huet an déi haut zum Quartier Zéisseng gehéiert. Déi Verännerunge sinn och d'Ursaach vun den Diskussiounen iwwer d'Grenze vun de Quartieren. --MMFE (Diskussioun) 12:10, 25. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Wann een d'Saach graff gesäit, dann nennen d'Leit nach alles wéi et fréier war, an d'Quartiere sinn u sech nëmme just eng administrativ Andeelung déi näischt méi mat de fréiere Sektiounen an ale Gemengen ze dinn hunn. Dofir ass et och schwéier fir do eng kloer Linn am Sproochgebrauch ze sichen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:48, 25. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]