Diskussioun:Gemengerot

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech fannen dat dëse "Redirect" liicht iwwerdriwwen ass. An all Artikel wou Gemengerot steet krit een elo d'Memberen vum Gemengerot vu Keel présentéiert. Alleng am Lëtzebuerger Land ginn et deeër nach 115 méi. Menger Meenung no wier et besser d'Memberen vum keeler Gemengerot an den Artikel Keel ze schreiwen an an den Artikel Gemengerot allgemeng Informatiounen déi net spezifesch fir eng eenzeg Gemeng gëllen.--Fliedermaus 08:25, 5 Oktober 2006 (UTC)

Iwwerdriwwen oder Falsch[Quelltext änneren]

En ass nët iwwerdriwwen en ass falsch. Daat schengt mer awer hei just op engem schlecht Gebrauch vun engem Redirect ze leien. Deeër hu mer méi op der Wiki a schons méi laang et ass just nach kengem opgefall. An der Tëschentzäit goufen der och schons e puer geläscht. De Problem hei dierft séier geléist sinn. Do hängt och schons méi lang nach eng aaner Iddi mat drun. Iergenwéi an de nächsten Deeg wärt daat sech dann och konkretieséieren.
Meng perséinlech Meenung zum Iwwerdriwwen léit op enger aner Basis. Daat sinn all déi doudeg Linken (also déi rout) déi et masseweis gëtt. Daat geet drop zreck dass alles wat velinkbar ass einfach verlinkt gëtt oni dass ee sech Kaapzerbrieches mecht op daat wirklich direkt eppes mat der Explikation vum Artikel ze dinn huet. Wann hei de Link Gemengerot schons méi lang an zwar vun Ufank un vun deem deen e vir déi eischte Kéier an d'Welt gesaat huet, een Artikel kritt hätt da wier de Problem elo nët do.
Daat gëtt och sou séier wéi méiglech nogeholl. Les Meloures 09:58, 5 Oktober 2006 (UTC)

Dësen Artikel ass iwwerflësseg:[Quelltext änneren]

Wat e Gemengerot ass gëtt am Artikel Gemeng an de Kontext gesat an explizéiert.

Dofir fannen ech, soll d'Wuert "Gemengerot" duer verlinkt ginn, wéi dat jo schons dacks de Fall ass. En eegenen Artikel Gemengerot ass net néideg, et sief, et ass e redirect op "Gemeng".

--Zinneke 10:25, 5 Oktober 2006 (UTC)

Nit soen maachen Les Meloures 10:31, 5 Oktober 2006 (UTC)

Et ass just komesch wéi bei schons sou ville Saachen dass enn neien User ee klenge Feeler mecht an dann ob eemol gëtt entdeckt waat scho laang hätt kënne gemach ginn. Daat ass awer kengem seng Schold wëll et aas kee responsabel Les Meloures 10:43, 5 Oktober 2006 (UTC)

Dat mam "Redirect" op den Artikel Gemeng fannen ech eng gutt Léisung. Wann e spéider e gréisseren separaten Artikel fir de Gemengerot zesummekrit, brauch e nëmmen de "Redirect" erauszehuelen.--Fliedermaus 10:48, 5 Oktober 2006 (UTC)

Redirect ass gemeet Les Meloures 10:51, 5 Oktober 2006 (UTC)

Hei ass elo vill geschriww ginn a keen huet eppes gemeet.
Ech hun de Redirect gemeet an dien huet nit fonktionnéiert bis ech eraus fonnt hat firwaat.
Do hat den éischten Editeur vum Artikel de Gemengerot am Artikel verwikifiéiert an da fontionnéiert de Redirect nët op eng Säit wou séin eegene Wiki drasteet. Daat haat bis elo och kee vun deenen déi ëmmer gudd Rotschléi a Meenungen ausdeele gesinn.
Mee wéi gesoot et ass jo kee responsabel. Mee vu menger Säit aus hänken ech awer och elo déi Meenungen a Rotschléi an de Wand. Ech si schlisslech och nët responsabel.

Daat haat och nëmmen 3 Stonne kascht als Informatioun fir déi Làit déi sech iwwer déi vill Aarbecht bekloen

Les Meloures 15:30, 5 Oktober 2006 (UTC)