Diskussioun:Geschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut,

zum Beispill op der däitscher Wiki stinn Artikelen iwer Personnagen, di och zu Lëtzebuerg eng Roll gespillt hunn (z.B.: d'Keeseren, di och iwer Lëtzebuerg geherscht hunn). Wéi wäit kënnt een a lëtzebuerger Artikelen Linken op déi Personnagen setzen, di eben op Wiki an anere Sproochen weisen? En attendant dass Artikelen kommen, di sech dermat aus lëtzebuerger Siicht befaassen.

Harpehuhn 10:38, 21 Sep 2004 (UTC)


Salut, Merci fir deng Iddien. Et wir natiirlech léif, wa Persounen, déi och zu Lëtzebuerg eng roll gespillt hunn en eegenen Artikel op der Lëtz. Wiki giffe kréien. Dat Ganhzt ass awer net evidetn, well kuck der emol an der däitscher d'Herrscherlëscht un; déi ass guer net gesond! A wann ech dech schon um Apparat hunn, klappen ech emol onopfäälleg un, fir mol deen een oder zuguer den aneren Artikel z'iwwersetzen oder en Original hei eranzestellen. Besonnesch an dësen haarden Ufankszäiten ass all kreativ Hand wëllkomm. All Virschléi natiirlech och. Däerf ech dech bei dëser Geleegenheet och froen, wat esou deng "Spezialitéite" sinn? Mär liesen äis --Cornischong 11:58, 21 Sep 2004 (UTC)


Salut, Merci fir deng Äntwert. Ech hu probéiert, dir eng Mail als Test ze schécken. Vu dass ech net gesinn, iwer wat fir eng Adress se bei mir fortgaangen ass, weess ech elo net, op et richteg ukënnt. Duerfir well ech keen gréisseren Text mailen, bis ech weess, op dien Test richteg ukomm ass.

Schreiwen duerfir hei.

Jo, op der däitscher Säit ass natiirlech och net alles Gold, wat glänzt. Ech hat eigentlech geduecht (eben och fir den Ufank), wann Linken op di däitsch, net gesond Säiten bestinn (oder och aner Sproochen), kënne Leit, di sech zu dienen Themen auskennen, se iiwersetzen, komplétéieren, verbesseren, usw.. (och eben déi an der anerer Sprooch; ass jo och am Sënn vun der Iddi, fir Informatiounen a Wëssen weider ze ginn). Am Sënn vun eiser Méisproochegkeet an am Sënn, fir anerer op dat opmierksam ze maachen, wat een fonnt huet.

Jo, et war schon esou geduecht, fir dat eent oder anert ze iwersetzen.

Zu mir an mengen "Spezialitéiten": sinn iwert een Artikel am LW (Säit "Bits & Bytes"), muss am Juli oder esou gewiescht sinn, op Wiki.de opmierksam ginn. Also ass schon an der Press op Wiki opmierksam gemeet ginn, zwar op di Däitsch, net, dass et och eng Lëtzebuergesch gëtt. Hunn di Saach gutt fonnt, besonnesch, well hei Informatiounen net nëmmen präsentéiert ginn (wéi op enger Homepage), mä interaktiv ugepasst ginn.

Hunn dunn op der däitscher ugefaang, bäi ze droen, an dunn och séier op der Lëtzebuergescher. Du méchs jo och bei Wiki.de matt, oder? Ech sinn och bei Wiki.de ënner diem selwechten Login, wéi hei.

Geschicht intresséiert mech schon, fir mat drunn ze schaffen (net mat eegenem Wëssen, mä ech méngen, ech kann mech u munches erënneren, wann ech drop gestouss ginn, a gesinn, wann eppes kann stëmmen, oder éischter fragwürdeg ass.).


Hausdéieren ass een anert Thema, wou ech op .de agräiffen. Hei besteet an diem Sënn nach kaum eppes. Gesinn am Moment nach net, wou hei un ze fänken ass.

Sou, dat wier et elo mol fir haut. Harpehuhn 20:29, 22 Sep 2004 (UTC)

Äntwert ass elo fortgeflunn. --Cornischong 21:36, 22 Sep 2004 (UTC)

Sorry, hei verstinn ech eppes net:
D'Geschicht ass de Studium, d'Relatioun an d'Interpretatioun vun der Vergaangenheet.
Wat ass mat 'Relatioun gemengt? Oder gesinn ech do eppes net richteg? --Cayambe (Diskussioun) 18:58, 2. Jul. 2015 (UTC)[äntweren]