Diskussioun:Gielen Trikot

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fehlen nach:

Merci fir d'Informatioun. Goufen agebaut. --Pecalux 06:28, 20. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Get Trikot net mat "k" geschriwen? Luxdico Wiederbuch: www.luxdico.de (Interventioun vun der IP:88.207.213.211)

Am DLF gëtt e mat "c" geschriwwen.
Am DLF gëtt maillot jaune och "Maillot jaune" iwwersat.
Et schéngt nees net esou einfach ze sinn. --Pecalux 06:38, 20. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

??? Wat as einfach? "Maillot Jaune" as Franseisch an net Lëtzebuergesch!!! Trikot get international mat "k" geschriwwen. Lëtzebuergesch orienteret sich an der offizieller Reschtschreiwung no der Däitscher Grammatik ( http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/4/4a/Deutsche_Dialekte.PNG ). --78.141.145.16 17:06, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wou ass dat nozeliesen datt déi Lëtzebuergesch Schreifweis sech no der däitscher Grammatik orientéiert.?
An der Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch no där déi lëtzebuergesch Schreifweis sech riicht, fannen ech näischt esou.
Les Meloures 18:38, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Trikot get international mat "k" geschriwwen. Wou ass dat nozekucken?
De Google ass op jiddwer Fall net där Meenung. 2.820.000 mol Trikot an 5.170.000 mol Tricot.
Les Meloures 23:02, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Hei: Luxdico Wiederbuch: www.luxdico.de Am Velosport... Franseisch: Maillot (an aner Sportarten Tricot) Englesch: Jersey (an aner Sportarten Trikot) Däitsch (Éisterräichesch, Schwäizeresch, Nidderländesch), an alle germanesche Sproochen: Trikot Lëtzebuergesch (Och eng germanesch Sprooch): Trikot!!! Macht net ëmmer alles ewéi d'Heckenfransousen an eis traureg Regierung! --88.207.167.139 06:11, 24. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

P.S.: Lëtzebuerg war an as méi Däitsch als der ëmmer denkt; am 14. Joerhonnert huen d'Lëtzebuerger (Lützelburger) seguer iwwer Berlin geherrscht ( http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/a/a0/HRR_1400.png ); vergiesst dat nie!!! --88.207.167.139 06:19, 24. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, loosse mer emol d'Heckefransousen, Berlin, d'Regierungen an eng sëllechen Ausrufezeechen op der Säit, déi hunn hei näischt an der Diskussioun iwwer d'Schreifweis vun deem Plower do ze dinn. Fir déi Virwelzeg: D'Wuert kënnt vum franséischen "tricoter" ("strécken"), waarscheinlech eng Variant vum Alfranséischen "estriquer " "liicht iwwer eppes fueren, glat maachen" dat eng germanesch Wuerzel kéinnt hunn (vgl. Mëttlenidderdäisch "striken"... an eist "strécken"). Dem Duden no gëtt et op däitsch, als Léinwuert vum Franséischen, mat "k" geschriwwen, bleift awer franséisch ausgeschwat (d.h. op der leschter Silb betount, an den "t" um Enn net ausgeschwat). Wa mer elo d'Reegel vun eiser Schreifweis applizéieren, wouno d'Orthographie vu franséische Wierder, déi et och am Däitsche gëtt an déi eng (ver)däitsch(t) Schreifweis kruten, sech ausnahmsweis no der däitscher, an net der franséischer Variant riicht, (cf. Büro, Hotel,...) da misst "Trikot" mat "k" geschriwwe ginn.
"Maillot jaune" gëtt natierlech, besonnesch am Kontext vum Tour de France, grat esou dacks, wann net méi heefeg, gebraucht... Eis Sprooch ass do flexibel. Mir sollten et och sinn. --Zinneke 08:30, 24. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]
Kommt mer waarden emol heimatter bis den héichoffiziellen LOD beim T ukomm ass. Vläicht fënnt deen datt et op Lëtzebuergesch Trikko geschriwwe gëtt.

Nëmmen am Tour de France ?[Quelltext änneren]

Am Artikel steet: De Gielen Tricot (fr. maillot jaune) ass den Tricot deen am Tour de France vun deem Coureur gedroe gëtt deen am Generalklassement den Éischten ass.

- Gëtt et dee gielen Tricot nëmmen am Tour de France? Wann net, missten déi aner Courseë wou e gielen Tricot gedro gëtt net och am Artikel opgezielt ginn? Ech denken z.B. un den Tour de Luxembourg, den Tour de Suisse a vläicht ginn et der nach. --Pecalux 05:35, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Gouf g'ännert. Les Meloures 18:38, 22. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]