Diskussioun:Gonnereng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gett et ee raisonnabele Grond, virwaat op der ganzer Wikipedia d'Schreifweis vu Gonneréng ouni "é" ass? Et gëtt souwuel am geschwaatene mat "é" prononcéiert, wéi och offiziell esou op den Uertsschëlder geschriwwen: https://www.google.com/maps/@49.6923396,6.2581952,3a,15y,294.41h,80.49t/data=!3m6!1e1!3m4!1sxvnTXEwTg83rLXNWGiQdxQ!2e0!7i13312!8i6656 --net ënnerschriwwene Kommentar vun der IP:94.252.88.138 14:39, 12. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]

De raisonnable Grond fënns du hei: Wikipedia:Eis Schreifweis, bei den Ausnamen vum "é". Datt d'Stroosseschëlter falsch sinn, dofir kënne mir net. Och Péiteng gëtt Péiteng geschriwwen an net Péiténg, wéi et hei steet. --87.240.241.104 14:54, 12. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
A well d'Wikipedia net zoustänneg fir d'Schreifweis vum Lëtzebuergeschen ass, orientéieren d'Mataarbechter vu Wikipedia sech dacks un deem wat déi verschidden Dictionnairen, oder Léierbicher soen, sou wéi d'Lëtzebuergesch Grammaire oder d'Verbebuch. Do gëtt een ënner anerem och gewuer datt firwat en f amplaz vum v an nëmmen en a kritt, datt geschwat och nëmmen een a kritt an datt d'Méizuel vu Schëld, Schëlter ass. -- 87.64.49.211 18:38, 12. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]
De Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet iwwerdeems eng Lëscht mat der offizieller Schreifweis vun den Uertsnimm publizéiert: vun Alzeng iwwer Gonnereng bis op Zéisseng, alles ouni <é>. GilPe (Diskussioun) 20:26, 12. Aug. 2019 (UTC)[äntweren]