Diskussioun:Groningen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Stad - Gemeng[Quelltext änneren]

Eng Opdeelung an Groningen (Stad) a Groningen (Gemeng) geet fir dës Wikipedia ze wäit. Et wier besser d'Beispill vun der däitscher Wikipedia ze verfollegen. Tiedmied (Diskussioun) 14:32, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]

Moien
Firwat soll déi ze wäit goen. A wann dat sou wier da misste mer vläicht d'Gemeng virrangeg behandelen amplaz en Deel vun der Gemeng. Oder leien ech do falsch?
A wou gouf decidéiert wat ze wäit geet oder net. Mer hate schonn sou eng Diskussioun iwwer Homonymielinken bei där ee gemengt huet et géif z. B. de Lemma Étain (Savoie) ni ginn. An trotzdeem ass e blo.
Ech hunn am Fong och näischt dergéint wa mer dem däitsche Beispill follegen, awer da solle mer dat och korrekt maachen an de bleift nach d'Fro: Wat verbessert sech un der Qualitéit vum Artikel wa mer dat maachen?
Bescht Gréiss --Les Meloures (Diskussioun) 14:50, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Den Artikel ass, wéi vill aner hollännesch Gemengen, kleng a Gréisst. Eng Opdeelung an Stad a Gemeng wier also ze komplizéiert. Tiedmied (Diskussioun)
Wat ass dann do komplizéiert drun, mer hunn op d'mannst 100 lëtzebuergesch Gemengen sou opgedeelt. Firwat soll dat net bei den hollänneschen oder bei Artikele vun Uertschaften an an anere Länner goen? --Les Meloures (Diskussioun) 16:34, 24. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
D'Artikelen iwwer hollännesch Gemengen sinn dacks kleng. Eng Opdeelung an Stad a Gemeng gëtt also net recommandéiert. Holland ass net Lëtzebuerg. Op der Lëtzebuerger Wikipedia steet de Fokus op Lëtzebuerg, dat vill méi extensiv ass wéi zum Beispill Holland. Tiedmied (Diskussioun) 09:04, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Eng Opdeelung an Stad a Gemeng gëtt also net recommandéiert.
Wou ass dat recommandéiert a wie recommandéiert dat? --Les Meloures (Diskussioun) 09:25, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
D'Artikelen iwwer hollännesch Gemengen sinn dacks kleng.
Dat ass vläicht eng Tatsaach an ass och bei villen aneren esou, wat awer net verhënnert datt se engesdaags ausgebaut kënne ginn. Déi hollännesch Gemengen sinn och am Rapport zu deene lëtzebuergesche vill méi grouss a bestinn dacks aus groussen Uertschafte wou vill méi ze sopen ass wéi bei lëtzebuergeschen. Dofir sollt all Uertschaft aus der Gemeng sonner sinn an net gemeinsam mat der Gemeng behandelt ginn. Wou ass do de Problem? --Les Meloures (Diskussioun) 09:37, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Et ass vill Aarbecht fir eppes wat wéineg bedeit. Tiedmied (Diskussioun) 09:42, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Dat ass nun awer dat dommst Argument dat et op der Wiki ka ginn. A wien decidéiert wat vill oder wéineg bedeit. --Les Meloures (Diskussioun) 10:30, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Ech recommandéieren der däitscher Beispill no, praktesch an einfach. Tiedmied (Diskussioun) 12:01, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
Dast ass keng Äntwert op d'Fro: ''A wien decidéiert wat vill oder wéineg bedeit''? --Les Meloures (Diskussioun) 13:45, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]
En Artikel mat wéineg Inhalt ass natierlech e klengen Artikel. Tiedmied (Diskussioun) 16:57, 25. Jan. 2024 (UTC)[äntweren]