Diskussioun:Grousse Rot vu Mechelen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ee ganz schéine Bonjour un deen, deen dat elo liest, an duerfir suergt, datt eis lb:wikipedia Niveau kritt! De Grousse Conseil vu Mechele wor zoustänneg fir den Ensembel vunn de <<pays d'en-bas>>, also grosso modo den haitege Benelux [inklusiv déi spéider franséisch Annexiounen => d'Grofschaft Artois an Deeler vun der Grofschaft Flanderen (Lille, asw.), vun der Grofschaft Hennegau (Valenciennes, asw.) a vum Herzogtum Lëtzebuerg (Diddenuewen, Montmédy, asw.)]. Deemno mécht ët glat kee Sënn, fir de Begrëff "Grousse Conseil vu Mechelen" ënner <<Hollännesch>> Geschicht zë setzen. Dat ass restriktiv a geschichtlech total falsch. <<Pays-Bas>> muss eben mat "Nidderlanden" iwwersat ginn, anescht läit een ëmmer nees niewt dem Dill... Merci fir d'Verbesseren! Bis bal, R.D.

Salut, Inhaltlech ass dee ganzen Text z'iwwerschaffen! Ee Bäispill: D'Spuenier, déi de Süde vun den Nidderlanden behale konnte, wéi de Norden de facto (1648 de jure) onofhängesch gouf, woren OCH Habsburger... Do huet rëm een geméngt... Majo, sou ass ët nun emol op der lb:wikipedia. Gutt, datt ët nach Bicher gëtt! Ciao, Ben

Moien,
Ech verweisen am Kontext zu de Bemierkungen hei op dës Diskussioun
Les Meloures 15:17, 8. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
No e puer Joerzéngten Hin an Hier huet hire Jong, de Philippe de Schéinen, deen d'Ierwin vun Aragon a Kastillien bestuet hat,
Et gëtt zwéi Flëppen déi schéi waren. Hei war de richtege velinkt. Firwat huet die misse falsch entlinkt ginn??????? Les Meloures 18:46, 13. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]