Diskussioun:Häerdcheslee

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Quellenangaben déi nach angeflëckt mussen ginn (Guedber Pompjeen, E Spazeiergang duerch d'Haerdchen,55 Joer Guedber Pompjeen Nr 2, 1990 , 141.)

Ass geschitt. Merci fir d'Informatiounen! --Zinneke 10:27, 29. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]

Op der topographescher Kaart steet: "Härdchen" fir de Bësch an "Härdcheslee" fir de Fiels. D'Orthographe "Häerdcheslee" ass nëmmen op lb.Wiki ze fannen, si schéngt mir net fondéiert ze sinn. De Lemma "Häerdcheslee" wir also duerch "Härdcheslee" z'ersetzen. Oder kennt een eng Referenz fir "Häerdcheslee", déi net op d'Wiki zréck geet? --Jamcelsus 17:15, 5. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,
Vill Saachen op de Landkaarten an op Informatiounspanneaue ginn op eng falsch Schreifweis vum Lëtzbuergeschen zréck.
Ech proposéieren mer bleiwe bei Häerdchen, schlisslech gëtt den r praktesch net ausgeschwat an duerfir den e hanner dem ä fir de Rutschlaut unzeginn.
Just am Fall vun engem Eegennumm oder vun enger gewollter Schreifweis, soll d'Wuert och an där Form do stoen. Déi gewollte Schreifweis schéngt hei net de Fall ze sinn. --Les Meloures 17:55, 5. Sep. 2011 (UTC)[äntweren]