Diskussioun:Hëseng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kadasterplang a Koart als Artikelillustratioun[Quelltext änneren]

Den zweete Paragraph vum Artikel ass u sech eng grouss Klamer, fir z'erkläre wéi déi Koart zoustane koum, déi als Artikelillustratioun dingt. Ech hu leider keen Extrait aus dem Rëmelenger Kadaster vun 1824, als Ausganksmaterial gëtt et dat wat de Geoportail un historeschen topographesche Koarte vun 1964 a vun 2000 bitt, a virun allem de Kadasterplang am Koschtesch Nic. senger Brochure "Rümelinger Land und Leute" dee vum Kadasterbeamten Armand Zeches ausgefouert gouf. Mat Flouernimm op Koarten ass dat sou eng Saach, déi vum Geoportail si méi oder manner korrekt op d'Plazen dropgeklaakt mat enger bal zweehonnertjäreger Accumulatioun vu Schreifweisverformungen an ouni all déi zweetrangeg Flouernimm, an déi vum Zeches hunn extrem präzis Ecken a Kante sou datt een dovun ausgoe kann datt hee sech genee un d'Parzelle gehalen huet well Parzelle waren ugaangs dacks Synonym vu Flouer. Et mécht also Sënn, sech un de präzise Plang vum Zeches ze halen, mee deem honnertprozenteg ze follege géif absënns bei Hëseng zum Nonsens féieren datt de Weier hallef am Flouer Eechels an hallef am Flouer Vir Mouer léing. Oder datt Op der Dell sech déif tëscht A Rembuer an Op Rembuer grieft, an och sou déif erofgeet datt déi Plaz déi an de Koarte vum Geoportail Dellwues heescht nëmmen hallef sou grouss ass. Et ass kloer datt mat der Zäit Banndeeler verschwanne wéi d'Kloselach wat no beim Hunnendall lung an duerno zu Eise verbrannt gouf, oder datt Parzelle sech vergréisseren oder verklengeren. Vu datt mer haut Parzellennummeren hunn a manner op Flouernimm ugewise sinn, déit ech mengen, mer kéinten och op eiser Koart als Artikelillustratioun verschidde Flouer "of- oder oprënne" par rapport zum Zeches sengem Plang fir méi no un déi ursprénglech Extensioun vun de Flouer ze kommen. Et mécht nu mol kee Sënn, de Weier am Hësenger Lach hallef un en Uhustand op der Kopp unzeglidderen an hallef un e Stéck dat schonn dem Numm no virum Mouer läit an net am Mouer. An en Deel vun der Héicht deen ëmmer nach kloer Op der Dell heescht deen dierft schwéierlech bis erof an d'Lach goen, och wann déi wäitleefeg Plazéirung vum Dellwues duerchaus e Feeler vum Geoportail senger Koart kéint sinn. Datt een um Wee vun A Rembuer Op Rembuer duerch Op der Dell misst goen ass och sou eppes wat e Spadséiergänger verkuebele géif, absënns well op der Koart vum Geoportail kloer laanscht de ganze Wee "Rembur" steet, an dovun ofgesinn ass Op der Dell einfach en Deel vun der Héicht, deen d'Ëttenger Schlasshären op Rente verléint haten, an zur Zäit vun der Kadasteropstellung 1823 schonn de Rëmelenger Bauere gehéiert huet déi éichtens zu der méi waren an zweetens wuel o nach soss getosch haten oder vun engem anere Flouer bäikruten. --Otets ♣ 00:57, 1. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Hësenger Lach[Quelltext änneren]

Wann ee genee um Plang moosst, da kann ee soen datt déi allerënnescht Héichtelinn vun 350m iwwer dem Mier eng Eeform huet, un der Basis eng 60m breet an uewen eng 25m breet, an der Moyenne ebe 50m breet. Den Androck vun enger enker Schlucht huet ee just uewe wann ee vum Hësenger Bierg erofkënnt, am Hësenger Lach ass de subjektiven Androck éischter dee vu 50-120m Breet. Déi 20m Breet déi an der éischter Versioun vum Artikel stounge sinn also net bäizebehalen, dat war e Feeler.

Et kann een effektiv net vun der Gréisst vun engem Weier drop schléissen op Fësch dra liewe kënnen oder net. Am Koschtesch Nic. senger Brochure steet och just "der noch vorhandene Weiher soll früher Fische beherbergt haben". Ech hunn dat elo verbessert. --Otets ♣ 00:57, 1. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Richtegen Numm[Quelltext änneren]

Moien,

Sollt deen Artikel net Héiseng heeschen, wéi en op der Kadasterkaart opgefouert ass, a sou wäit wéi ech wees déi Rëmelenger och soen. Den ë gëtt jo wéi den däitsche ö ausgeschwat. Ech mengen dat ass hei net ubruecht. --Les Meloures (Diskussioun) 22:23, 3. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Flouernimm am Kadaster si sou eng Saach. Déi goufe seele sou geschriwwe wéi se gesot goufen, se si meeschtens vum Lëtzebuergeschen (oder am Grenzgebitt vum Franséischen) op Däitsch iwwersat oder agedäitscht ginn, an dat heiansdo ganz konterbosseg (z.B. Haut gouf zu Heid, falsch zu bruyère zréckiwwersat, du korrigéiert op Häd mee als Haed nei am Kadaster agedroe well se keen "ä" hikruten). De Koschtesch Nic. schreift op Däitsch vum Flouer "Hesing" well et sou am Kadaster vun 1823 stoung, mee en huet och Hoessingen an Hessingen geschriwwe fonnt. Am Kadaster steet aktuell Héising, nach 1989 stong donieft awer nach Hessinger Bierg obwuel déi zwee sécher d'selwecht auszeschwätze waren. An de Kadaster hunn ech dowéinst keen all ze grousst Vertrauen. De Koschtesch Nic. huet selwer op Lëtzebuergesch wuel Héiseng gesot, well en zitéiert de Fony Tissen mat "Hésenger Lach" an e schreift selwer "He'seng", wou ee ka rode wéi een dat auszeschwätzen huet mee et deit méi a Richtung Héiseng schonn eleng well Hëseng deemools Höseng hätt misse geschriwwe ginn. Trotzdeem huet en ale Rëmelenger mat deem ech rieds hat eendeiteg vun Hëseng geschwat (den ë net wi Fön auszeschwätze mee wéi Dësch). Ech froe moar nach eng Kéier no wéi et méiglech ass datt deen een esou an deen aneren esou seet. --Otets ♣ 01:08, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn, datt deng Ofwiesenheet bei onse Versammlungen, an deenen iwwer d'Sprooch Rieds goung, grad sou wéi ons Zesummenaarbecht mam LOD (deen och an Zesummenaarbecht mam Kadaster d'Flouernimm an eng modern lëtzebuergesch Schreifweis soll bréngen) lo nëmmen onnëtz Diskussiounen opwerft. Traureg fir een Admin. Et ass kloer datt dat Kaartewierk net an engem Dag ka geännert ginn, awer et ass scho vill gemaach. Wéi déi al am Minett schwätzen oder déi Jonk am Éislek huet näischt mat enger korrekter Schreifweis ze dinn. Wéi dacks muss dat nach hei gesot ginn? --Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Dat ass erfreelech datt eng Zesummenaarbecht mam Kadaster besteet. Dovun awer ofgesinn: Datt Uertschaftsnimm vun enger Autoritéit festgeluet ginn an datt et dann egal ass wéi d'Leit op der Plaz soen, dat ass korrekt, et geet ëm den offiziellen Numm dee fir d'ganzt Land d'selwecht soll sinn. Bei de Flouernimm ass et e bëssen anescht, éischtens huet de Kadaster déi fréier konterbosseg agedäitscht a se herno guer net oder net ëmmer richteg zréck an d'Lëtzebuergescht geholl, an zweetens gëtt et keen nationaalt Intressi, et gëtt knapps oder guer kee Staadter deem dru geleeën ass datt en Éisleker hee versteet wann en iwwer e bestëmmte Rëmelenger Bësch schwätzt. Wat ging et och dingen, wa mer Flouernimm ouni Grond an express anescht wéilte festhale wéi déi déi op der Plaz dermat ëmgoe mussen? Wann de Kadaster lo Hessinger Bierg op Héisenger Bierg ännere gaangen ass, op wat huet e sech baséiert? Huet e gerode wéi déi Joerhonnerte virdrun oder eppes fräi erfonnt? A wee soll wëssen op e Flouernumm op der Kadasterkoart nach ëmmer falsch ass oder lo offiziell a richteg, wann et evident ass datt de Kadaster déi meeschte vun de ronn 40.000 Flouernimm na net oder net onbedingt richteg ugepaakt huet? Viru Joren hat ee sech mat mer gestridde well e Staebierg wollt hunn obwuel et evident war datt de Kadaster just keen "ä" drécke konnt a Stäbierg (oder mengetwege Steebierg) gemengt huet. D'Genes ass einfach: d'Leit hunn d'Flouernimm geschwat, 1824 si se agedäitscht opgeschriwwe ginn, a wa se haut op der Wiki op Lëtzebuergesch stoe komme sollen da solle se sech um urspréngleche geschwatenen orientéieren an net op bal 200 Joerhonnert Joer konterbosseg falsch Schreifweisen déi ni behaapt hu si wieren op Lëtzebuergesch. Et gëtt einfach (nach) keng komplett offiziell Lëscht vun de Flouernimm op Lëtzebuergesch un déi ee sech misst halen. Awer dat Ganzt hei driwwer soll eis u sech net këmmeren, mer hunn en Dilemma: ech hunn deen ale Rëmelenger haut gefrot, dee sot datt e säi gesamt Liewe wann e mat anere Rëmelenger geschwat huet ni eppes aneschteres héieren huet wéi Hëseng. Trotzdeem schreift de Koschtesch Nic. op 1-2 Plaze vun Héiseng. --Otets ♣ 20:03, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]


Majo an ech war och méi wéi dausendmol zu Rëmeleng an hunn ëmmer Héiseng héieren an och gesot. Ech hu gëschter och nach 2 Rëmmelenger ugeruff fir ze froe wéi si soe. Deen e ee sot Héiseng an den aneren Heeseng.
Mä ech mengen du wëlls einfach net bekäppen ëm wat et geet. Wann déi offiziell Instanze sech eens sinn, wéi eppes soll heeschen woriwwer mer mol sollte frou sinn (mer hu laang dorop gewaart) dann ass net fir nees an dat aalt Cornischongsgebraddels vu virun 12 Joer zréckzefalen, vun deem mer haut wëssen datt manifestement eng ganz Partie falsch war. D'Jalone si gesat wéi op der Wiki soll geschriwwe ginn an d'Majoritéit ass domat d'accord an et soll deemno och sou gemaach ginn. Mer kënnen dat ganz Schreifweisgespréich awer och wanns de mengs op de Staminet verleeën an da kucke wéi et weidergeet. --Les Meloures (Diskussioun) 20:18, 4. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Op de Kadasterkoarte steet vun 1823 bis 1927 Hesing, 1954 bis 1989 fënnnt een da souwuel Héising wéi Hessinger Bierg, 2000 da just nach Héising. An allen dräi si se net op Lëtzebuergesch, wat ee schonn eleng un der Endung -ing gesäit. De Kadaster huet also bis ewell ni offiziell festgeluet, wéi dee Flouer op Lëtzebuergesch heescht, also hëlleft en net terribel weider. Et ass hautesdaags schwéier, nach en ale Rëmelenger ze fanne vun iwwer 70 an dee selwer Rëmelenger Grousselteren hat déi him et richteg gesot hunn. Dee mat deem ech rieds hat zweiwelt ob s de sou een ewëscht hues, oder ob et een aus de Kolonie ass vun deenen di meescht d'Lauter ni richteg erausbruet hunn, oder ob et een ass deen op der Koart gekuckt huet an den "éi" vun do huet (weess der Däiwel wéi deen "éi" an d'Koart koum). Mee wann s de léiwer hues datt mer eis un offiziell Instanzen hale sollen, do gëtt et just eng déi den Numm op Lëtzebuergesch festgeluet huet: d'Gemeng op der Barrière um Wee fir an Hëseng (cf. neit Bild am Artikel). --Otets ♣ 18:10, 5. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
weess der Däiwel wéi deen "éi" an d'Koart koum).
ma dat kann ech der soen, mä du lies jo net wat ech der schreiwen. Déi rezent Nimm op de Kaarten sinn eben do well de Kadaster dee sech och ëm d'topographesch Kaarten an d'Nimm déi dorop stinn, bekëmmert an Zesummenaarbecht mam Sproochenzentrum an och op Initiativ vum Educatiounsministère lues a lues d'Nimm un déi nei lëtzebuergesch Schreifweis upasst. Du mengs dach awer sécher déi Leit beim Kadaster wieren net kompetent genuch oder se hätten se net all, datt déi sech ënnerstinn sou Nimm ze änneren. D'Gemeng huet doutsécher näischt festgeluecht soss hätt missen an enger Gemengerotssëtzung doriwwer ofgestëmmt ginn, wat doutsécher net de Fall ass. Et huet héchstens ee Mann deen och en ale Rëmelenger gefrot hat dat sou drécke gelooss.
Wat d'Nostalgie ugeet : Et ass hautesdaags schwéier, nach en ale Rëmelenger ze fannen sou kann een dat bal bei all Wuert soen, dat huet dach alles näischt mat der haiteger Schreifweis ze dinn. Zu Arel seet och kee guddekaf méi fir bëlleg, dat war awer an de fofzeger Joren nach ganz geleefeg. Et ass eben esou mat der Sprooch, datt se ännert an haut soll déi Sprooch vun haut geschriwwe ginn an net déi vun den Urgrousselteren. --Les Meloures (Diskussioun) 18:32, 5. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]
Dat ass super datt sech de Kadaster elo Méi gëtt, d'Flouernimm op Lëtzebuergesch an en plus richteg ze schreiwen. Bäi Hëseng ass d'Oarbecht awer entweder na net fäerdeg oder si ass verongléckt, well do liesen ech en Hybrid tëscht Lëtzebuergesch an Däitsch: Héising. Dat kanns de trotzdeem den aktuellen offiziellen Numm nennen, mee net den offizielle Lëtzebuergeschen Numm, ëm deen et hei geet an dee mer als Lemma wëllen - de Kadaster huet ebe bis dato kee Lëtzebuergeschen Numm vun deem Flouer ervirbruet un dee mer eis kéinten oder missten halen. An dach kéint een et als Indice huelen, mee da misst ee wësse wéi se 1954 un deen "éi" koumen, well deemools konnte se keng Zesummenoarbecht mam CPLL hu well dee gouf et deemools na net. Dat war meng Fro. Well ech kéint mer gutt virstellen (ouni datt ech wéilt behaapten datt et sou war), datt 1954 sech een druginn huet dat z'änneren andeems en entweder versicht huet ze deite wouhier den Hesing kënnt a gemengt huet den Apostroph hätt just gefeelt an dat dunn zu "éi" gemeet obwuel den Hesing vun Hëseng koum, oder en huet een aus der Kolonie gefrot dee geschwuer huet scho säi Papp hätt ëmmer Héiseng gesot an dobäi vergiess huet datt säi Papp als frësch agewanderte keen "ë" ronn bruet (dat sinn déi Erklärungsversich déi mer den ale Rëmelenger ginn huet wéi ech e nogefrot hu firwat et Leit ginn di anescht soe wéi heen). An och wann s de waarscheinlech Recht hues mat der Gemeng, ech ka mol do uruffen op se vläit soss eppes zum Thema hunn (mee haut si se schonn zou). Wat Ännerunge vun der Sprooch ugeet, sou huelen ech un datt "guddekaf" net op eemol falsch ginn ass well haut keen et méi seet, grad sou wéineg wéi "léif" falsch gëtt well de Jonktem "süss" fir sech entdeckt huet. A wat sech nach ännert, dat ass datt keng S** méi Flouernimm kennt, dëslescht sinn ech ier gaang an hunn e Mon gefrot deen nawell gäre 25 Joer mi al ass wi ech op ech um richtege Wee sinn, dee konnt näischt mam Flouer ufänken nodeem ech e gefrot hat. De Risiko ass grouss datt ausser eis zwee keen drun intresséiert ass. Trotzdeem sinn ech frou fir all déi konstruktiv Elementer déi s du erbäibruet hues, och wann ech bis ewell net mat där d'accord konnt sinn. --Otets ♣ 15:24, 8. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]