Diskussioun:Hammerbrücke (Hauset)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei wier et och intressant gewuer ze ginn wou dee Numm Hammerbréck hirkënnt. --Pecalux 08:39, 16. Okt 2008 (UTC)

Salut,
Ech hu schon op d'mannst 50 Leit do aus de Géigend gefrot, a kee konnt mer eppes soen.
Ech hoffen iwwer e Bekannten deen op der SNCB schafft eppes gewuer ze ginn. Mee d'Chance sinn dënn. Les Meloures 10:07, 16. Okt 2008 (UTC)

Hei wier et och intressant gewuer ze ginn wéi se iwwerhaapt heescht. An der Belsch heescht se kaum "Hammerbréck". Pont de Hamm? Pont Hammer? --Cornischong 10:24, 24. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Je nodeem vu wéi eng Sproochecommunautéit s de an der Belsch frees kriss de en anere belschen Numm eraus. Et geet an der lb-wiki awer éischter drëm, wéi ee se op Lëtzebuergesch nennt - dat kann d'selwecht si wéi an der Communautéit wou se steet, muss awer net. Mee egal wéi, mat "Hammerbrücke" géifen déi meescht (Wikie) wuel éischter eng Gemeng a Sachse mengen. --Otets 19:14, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wéi heescht se dann nach Les Meloures 21:43, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Мост Хаммер. Mee dorobber wollt ech elo net eraus. --Otets 21:49, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Hei hannendrunner mol all déi Linken déi op Hammerbrücke weisen.

Ech hunn dës Artikelen mol all séier duerchgekuckt an néirens en aneren Numm fonnt. Ech kann natierlech och eppes iwwersinn hunn. Mee wéi et schéngt hues du jo aneren Numm entdeckt. Et wier da flott fir dee gewuer ze ginn, a wou e steet. Mat Link op eng Websäit w.e.g Les Meloures 22:07, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Zousätzlech Info,

Ebe well et déi däitsch Uertschaft gëtt déi Hammerbrücke heescht, hat ech den Artikel Hammerbréck genannt.

Elo ka jo een eng Homonymie maachen an nach eng Kéier ëmdeefen, a gläichzäiteg den Artikel iwwer déi däitsch Gemeng maachen.

Gutt Nuecht elo alleguer Les Meloures 22:13, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech sollt vläit esou spéit owes meng witzeg Oder net muttwëlleg oprappen. Wéi gesot, et ass mer éischter ëm déi prinzipiell Logik bei esou quokelege Froe gaange wéi ëm déi eenzel Quelle bei dësem Fall. Wann op der fr-wiki steet "le viaduc de Hammerbrücke", dann ass dat natierlech en Argument. Mee der Rei no: wann dat en eegestännegen Numm ass, op wat deng Quelle jo hinzeweise schéngen, da soll en och esou stoe bleiwen (oder iwwert eng Homonymiesäit esou erëmzefanne sinn), well mär hu wuel dann am Lëtzebuergesche keen aneren eegestännegen Numm derfir. Wann et awer en Numm ass deen aus Hammer a Bréck besteet (et seet ee jo och op Lëtzebuergesch Rialtobréck an net Ponte di Rialto), dann ass Hammerbréck richteg. --Otets 22:51, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Wou den Numm hierkënnt[Quelltext änneren]

Den Numm vun der Bréck kënnt dohier well am Dall vun der Geul net wäit vun der Bréck en Hummerwierk stoung, dat sech no an no zu enger Millen an Textilfabréck entwéckelt huet déi dunn ënner dem Numm Hammermühle bekannt war.

De Wee deen derbäi féiert heescht par analogie Chemin du marteau --Les Meloures (Diskussioun) 10:39, 18. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]