Diskussioun:Hannibal

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fir Är Informatioun: d'Réimer hätten den Hannibal net just agespaart, wéis se hien a Klengasie lokaliséiert hate, mee sécher, no enger Triumphfeier zu Roum, hiriichte gelooss. Vgl. dem Vercingetorix säi Schicksal nom Caesar sengem Triumph! Mir ass et awer egal, wann d'Artikelen an der lb.wikipedia systematesch verschlechtert ginn. Et seet awer vill aus, iwwer d'Astellung vu verschidde Leit, déi nëmmen hiirt "Wëssen" zouloossen. Weider sou! - C.


D'Wëssen ass datt de Vercingetorix higeriicht gouf. Ob den Hannibal higeriicht gi wier oder net ass néirens gewosst. Och déizäit gouf et keng Leit déi d'Zukunft viraussoe konnten. Och wann e kann unhuelen datt et sou gewiescht wier sou ass et awer keng enzyklopedesch Wourecht. Dat just zur Definitioun vum Unhuelen a vum Wëssen. --87.65.83.203 19:02, 24. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]


Un de Benotzer C oder och d'IP 195.46.241.231, där et wéi ech ka feststellen, och ëmmer ze domm ass fir eng Ënnerschrëft ze maachen (et ass him och vläicht net domm, hie bréngt sou einfach Saache vläicht guer net fäerdeg) an dofir amplaz ëmmer zwou Reie Strécher mécht déi kee Fatz notzen, just dat heiten zum Hannibal sengem Doud:
Wann een dervun ausgeet datt et jee no Historiker dräi Versioune vu sengem Doud gëtt, an datt s du als groussen Historiker déi aner zwou Méiglechkeeten hei negligéiers, awer iwwer aner Leit wëlls hierzéien, dat seet genuch aus iwwer déi Wëssen an deng gutt Manéiere fir permanent ze krekéilen. Ënnerlooss dat an Zukunft soss froen ech eng allgemeng Kaskadespär fir dech un. --Pierrenilles (Diskussioun) 18:41, 25. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]