Diskussioun:Heemesch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech gesi schwéierlech, wéi mer en Adjektiv ophuele kënnen, wier dat net besser am Wiktionnaire placéiert? Ech kéint mer just virstellen, datt eng Zort Homonymiesäit draus entstoe kéint, esou wéi op der de-wiki fir indigen an Autochthon. --Otets 07:28, 1. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien
Wéi wëellst et sooss maache fir de Begrëff korrekt als Lemma ze kréien deen alles soll ëmréissen.
Als Lemma als Substantantiv stéing an der Eenzuel wéi et jo soll sinn nëmmen Eenheemeschen (m) zur Vefügung. Dat géif sech an deem Fall nëmmen op d'Leit bezéien. Kéint awer och eventuell ugeluecht ginn. Wann déi méi grouss Wikie kee Problem mat Adjektiver hunn, firwat solle mir dann een hunn. Mir schéngen éischter e Problem mat der Erklärung vum Wuert ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:42, 1. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Ausser der fr-wiki huelen déi aner Wikien dës Adjektiver just als Homonymiesäit an net als Erklärungssäit. Wann s de esou wëlls: momentan steet bei eis o na net emol eng enzyklopedesch Erklärung mee just eng dictionnairesméisseg. Vu mär aus kann den Artikel bleiwen, am léifsten als Homonymiesäit, oder op d'mannst mat enger echter enzyklopedescher Erklärung iwwer Geschicht, Gebrauch a verschiddenen Domainer, etc. --Otets 07:50, 1. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Da loosse mer mol op e fräiwëllegen (als Adjektiv Mataarbechter ass sous-entendu, duerfir kleng geschriwwen) waarden. Wann ech mat mengem Monsterschantje vun de franséischen Uertschafte fäerdeg sinn a mengem Kolleg seng Stärenartikelen all nogekuckt hunn, da wäert ech e bësselchen Zäit hunn. Vläicht deet sech dann eppes. --Les Meloures (Diskussioun) 08:06, 1. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech hunn den Artikel iwwerschafft an eng Zort Homonymiesäit draus gemat. Richteg frou dermat sinn ech net. Mee de banneschten Zwang näischt esou stoen ze loosse war net stoark genuch fir nach méi. --Otets 12:56, 1. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]