Diskussioun:Hotel Grand-Chef

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann den Hotel "Hôtel du Grand Chef" heescht, firwat heescht et dann "Hôtel du Grand-Chef"? A wann et ëm Beem geet, firwat heescht dann den Artikel "Hôtel ...."? Geet den Auteur gär duer iessen, an e mengt, hie krit e Sonndeg den Dessert gratis fir seng Reklamm? Wou sinn dann déi siwen Adminen, déi dat Ganzt am A hale sollen? Schleichwerbung misst dach opfalen. -- Bammbelbi

Den Numm vum Artikel ass elo vum Les Meloures geännert ginn. Ech géif dem Auteur vum Artikel virschloen, effektiv zwee Artikelen draus ze man, een iwwert den Hotel an een iwwert d'Beem, da sinn déi zwee Theme getrennt (Ënnerteneeverlinken geet awer natierlech). --Otets 12:05, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Geet den Auteur gär duer iessen, an e mengt, hie krit e Sonndeg den Dessert gratis fir seng Reklamm.
Un all d'Bammbelbien, a soss krappeg Dillendäpp, Paschtéier, Rumpelstiilzecher, a wéi all déi Aliasen nach heeschen,
Ech weess net wat dat elo mat Iesse goen ze dinn huet. D'Menüskaart gouf jo net mat an den Artikel gesat, a vum Restaurant geet och net riets.
Hei gëtt e Gebai beschriwwen. Kuck emol vläicht an déi anersproocheg Wikien, wéivill Artikelen iwwer Hotellen déi hunn. A wat solle mer da mat den Artikelen iwwer d'Croisièresschëffer maachen. Falen déi dann net och vläicht ënner Schleichwerbung.
Ech hunn d'Impressioun wéi wann hei nëmme soll gestëppelt ginn. Hei hunn der schonn wéinst änlechem Gestëppels en Iesse bei Kärzeschäi versprach krut. Wëllt hei elo ee sech en Dessert verdéngen. Les Meloures 12:33, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
De Virworf vu Schleichwerbung war vläit zevill, mee en Hotel an d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem ze setze fannen ech trotzdem net gutt, dat sollen zwee Artikele ginn. --Otets 12:58, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Ok, ech maachen zwee Artikelem aus deem heiten. Ee Problem bleift awer: Hôtel du Grand-Chef oder Hôtel du Grand Chef ? Mat oder ouni Bindestréch?
Op der Websäit vum Hotel steet de Numm ouni Bindestréch.
AWER: d'franséisch Reegel fir zesummegesetzte Nimm gesäit e Bindestréch vir.
An esou steet de Numm dann och op der Websäit vun den Relais du silence zu deenen den Hotel gehéiert.
Ech schloe vir, déi 'richteg' Schreifweis ze benotzen (an deem Fall misst zréckgeréckelt ginn) :-) Wat mengen d'Kollegen heizou? Vläicht stellt sech de Problem och nach op anere Wikisäiten? --Cayambe 13:36, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien
A wéi wier wa mer de Cayambe mol eifach géifen u sengen Artikel weiderschaffen loossen. Hien huet alt schonns bei den Artikelen iwwer d'Bemierkenswäert Beem mol e globalen Artikel gemaach, an en dann duerno gespléckt. Dee Mann schreift Artikelen, an ass ëmmer bereet fir eppes z'änneren wann eppes net passt.
Dat bréngt ons méi wéit wéi eng Diskussioiun wat elo soll genee bei wat stoen, an onnëtz Diskussiounen iwwer Schleichwerbung.
Een dee weess ween de Cayambe ass, weess och, datt dee Mann sech kee Gratisdessert brauch ze verdéngen. Ech consideréien dat schonn als Frechhheet vis a vis vun engem Benotzer dee reegelméisseg op der lb:Wiki eppes leescht.
Ass dat den Tounfall op dëser Wikipedia? An deem Fall wënschen ech nach e schéinen Dag. Mat deenen Ëmganksforme wäert der sécher e grousse Succès hunn, schreift hei en neie Benotzer dee schonns direkt zwéi Benotzernimm huet.
Abbe ech froen dann dat heiten: Wann dann elo unhand vum Gratisdessert de Cayambe seet: esou e Virworf sinn ech net néideg, an e wënscht ons nach grousse Succès, an da geet e sénger Wee, hu mer dann eepes weider?
Dann huet de Bammbelbi alias Carlo Winandy, eis e groussen Déngscht geleescht.
Merci am Viraus seet de Les Meloures 13:40, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]
Dragesat vum Les Meloures deen net gesinn hat datt de Cayambe schonns, wéi bis elo nach ëmmer positiv reagéiert hat. Les Meloures 13:42, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]


Fir gewéinlech huele mer den offiziellen Numm, och wann an deem Schreiffeeler sinn. Dobäi stellt sech natierlech d'Fro, wat den offiziellen Numm ass an op deen op der Websäit vum Hotel gebraucht gëtt (Webmastere sinn och just Mënschen). --Otets 14:36, 14. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Tiptop, Merci! --Otets 18:26, 15. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir nozekucken[Quelltext änneren]

"Bei de Bauaarbechte vum Hotel gouf e Graf vun engem gallo-fränkesche Stammeschef fonnt." steet am Artikel. A Les cahiers luxembourgeois, N° 5/6 vu Juni/Juli 1946 S. 337 ass ze liesen: "...Grand Chef, en souvenir d'une tombe gallo-franque qu'on découvrit au cours des travaux, non à l'emplacement de l'hôtel, mais tout près de là, sur les pentes de l'Altberg. Il s'agit sans doute du détenteur de la métairie de Daundorf, qui mourut vers 600." --Fliedermaus 11:29, 17. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Merci fir den Hiweis. Ech beschafe mer den Artikel a verbesseren dann. --Cayambe 21:38, 23. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]