Diskussioun:Hugues Le Gallais

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour,

An der Këscht, uewe riets, steet - anescht wéi am Artikel - "Universitéit Zürich".

D'Uni Zürich an d'ETHZ (= Eidgenössische technische Hochschule Zürich) sinn awer zwou total verschidden Anstalten: d'Uni gëtt vum Kanton géréiert, d'ETHZ, wéi och d'EPF-Lausanne (EPFL), vum Bond, d.h. vum Schweizer Federalstaat.

Den H. Le Gallais huet d'ETHZ besicht, net d'Uni Zürich. Dat muss w.e.g. verbessert ginn, merci. - C.


Moien
D'Informatioun an der Infobox baséiert op engem Noruff vun der New York Times vum 26. Dezember, 1965. Et ass natierlech méiglech datt déi sech geiert hunn. Et kann natierlech och en aneren Auteur sech an enger Biographie geiert hunn. Erklärunge watereng Uni vu weem geréiert gëtt hëlleft dobäi net vill weider.
an dat heescht net: dat muss verbessert ginn. Hei gëtt keen ugestallt eppes ze maachen --Les Meloures (Diskussioun) 10:56, 27. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]
an zu gudder Lescht: sou Verbesserunge kann een och selwer maachen --Les Meloures (Diskussioun) 11:02, 27. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

Wann ee weess, datt op enger Säit ee Feeler steet, da suergt een dofir, datt e verbessert gëtt. Ech hunn de Feeler net gemaach an ech ginn net eens mat Infoboxen.

A firwat soll an enger Infobox eng aner Informatioun wéi am eigentlechen Artikel stoë kommen? Wéint enger "fake news" an enger aler amerikanescher Zeitung? D'Biographie, déi lo just erauskomm ass, schéngt mer awer als Quell vill méi zouverléisslech ze sinn.

Deemno: verbesseren!

An elo ginn ech an de Bësch. Salut, C.


Wanns du net mat Infoboxen eens gëss, dann ass dat deenen anere Mataarbechter hir Schold net.
An elo fir d'Lescht: hei gëtt keen ugestallt eppes ze maachen. Och Kommandoe mat Ausruffzeechen hëllefen dobäi näischt. --Les Meloures (Diskussioun) 11:49, 27. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

Mais ? A wie refuséiert, säi Feeler anzegesinn an ze verbesseren? A wien ass sou léif, datt e just just de Geck mat deene mécht, déi net sou gutt an der Wiki-Informatik sinn? A wie seet mir, ëmmer rëm, datt ech dët oder dat soll oder net soll maachen? Sinn dat keng Opfuerderungen oder Befeeler? Ech fille mech reegelméisseg vum fréieren a besserwësseresche Fieschter a selbsernannten Enzyklopedist veraas... - C.

Dann nach zousätzlech Explikatioun wanns de näischt wëlls bekäppen:
Deng Fro: wien huet eng Infobox fabrizéiert, déi ee Feeler opweist:
D'Infoboxen goufen a Gemeinschaftsaarbecht vun e puer Wikipedianer (net nëmme Lëtzebuerger) opgestallt fir Informatiounen déi op de Wikidata stinn z'importéieren. Dat heescht am Kloertext datt d'Infobox kee Feeler huet well doriwwer eraus eng Infobox déi ee Feeler huet, funktionnéiert net.
Fro: A wie refuséiert, säi Feeler anzegesinn:
Dee Feeler (wann et een ass) huet de Benotzer:Pixeldomain gemaach. Deemno keng Ursaach fir mat engem Mataarbechter vun der lb:Wiki doriwwer ze diskutéieren. Du kanns awer gär dem Pixeldomain ee Message hannerlossen hie misst dat verbesseren. Ech si gespaant wat dobäi erauskënnt.
Behaaptung: datt e just just de Geck mat deene mécht, déi net sou gutt an der Wiki-Informatik sinn:
Wien huet hei de Geck gemaach? Et gouf just gesot datt et net deenen anere Leit hir Schold ass, wann een dat net kann, an dat och nëmmen op deng Opfuerderung hin: dat muss.
Wou huet ee gesot datt s de eppes net maache solls, wat net berechtegt war?
Perséinlech Agressiounen notzen hei iwwerhaapt näischt a ginn als Frechheete betruecht, wat automatesch eng Spär kann als Folleg hunn. Wanns de net sachlech diskutéiere kanns, da maach et léiwer net. --Les Meloures (Diskussioun) 17:32, 27. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]

Wann ee souvill Energie verbrauche kann, fir laang Kommentaren ze schreiwen, déi ech net liesen, da kann een och säi Feeler agesinn a séier verbesseren.

Fir de Rescht: sidd Dir demokratesch gewielt ginn? Gitt Dir kontrolléiert, oder sidd Dir onfeelbar? Wat ass iwwerhaapt Är Legitimitéit, ob wëssenschaftlech, kulturell oder och nëmme wat d'sozial Kompetenzen (Ëmgank mat Äre Matmënschen) ubelaangt? Ass d'lb.wikipedia Är exklusiv Spillwiss? Firwat behuel Dir Iech permanent wéi eng Axt am Bësch? A firwat dutzt Dir mech? Hu mir d'Schwäin zesumme gehitt?

Ech hu just ob ee Feeler higewisen an erkläert, firwat et ee Feeler ass. Ass dat net erlaabt? Soll d'lb.wikipedia voller Feeler oder Onprezioune sinn? Dir hutt, amplaz direkt ze verbesseren, eng onsënneg domm Diskussioun musse lasstrëppelen. Är Zäit misst een hunn!

Ech wënschen Iech eng déigrënneg Meditatioun.

C.

da kann een och säi Feeler agesinn a séier verbesseren
Ma nondijö, bass de sou domm oder méchs de dech nëmmen esou. Et ass mäi Feeler net. Ech hunn der dach kloer gesot wien déi Informatioun dragesat huet.
A wéini a wat ech hei verbesseren entscheeden nach ëmmer ech selwer. Bei iwwer 200.000 Verbesserungen hei an iwwer 100.0000 op de Wikidata fir datt d'Informatiounen automatesch lafen, brauch ech mer vu kengem soen ze loosse wat ech nach soll maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:20, 28. Okt. 2019 (UTC)[äntweren]