Diskussioun:Jacques Necker

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Fonktioun -->Fonctioun korrekt lëtzebuergesch Schreifweis": Tjo, wann ech esou an den LOD kucken, da kennt deen, wéi et schéngt, keng "Fonctioun", awer wuel eng "Funktioun". --Cornischong 13:05, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien
Anerer wéi den DLW soe Fonctioun oder Funktioun.
Entweder mer huelen et aus dem Däitsche mat U a K oder aus dem Franséische mat O an C.
Fir de Moment steet et nach an 38 Artikelen mat O a K, wat manifestement falsch ass. Wa mer elo nach laang driwwer palaveren ginn déi dann och net verbessert. Mee et sief dann. Les Meloures 14:04, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Ech hunn nawell d'Gewunnecht, wann ech eppes verbesseren, virdrun am DFL nozkucken. Ech weess och datt dat keng absolutt Referenz ass, mee et ass alt emol eng.
Ech kann natierlech och dat Wuert dat soll verbessert ginn all Kéiers Heihinner setzen, an da ka jiddereen éier verbessert gëtt nach e bësselche poteren. Les Meloures 16:16, 24. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]