Diskussioun:Jean-Baptiste Esch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

De Mann gëtt e grousse Resistenzler hei am Artikel genannt. Ech wëll dat och net ofstreiden. Et ass just esou datt am ganzen Artikel mat kengem eenzege Wuert vu senger Resistenzaktivitéit Rieds geet. Les Meloures 17:05, 17. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Den Evy Friedrich gëtt Wegdichen als Gebuertsuert un, d'Websäit vun den erschossene Paschtéier och. Eng IP déi vill Infomatioun an den Artikel gesat huet gëtt Ierpeldeng un. Wat ass richteg. ??? Les Meloures 19:20, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Quell, déi an der Literatur zitéiert ass (Dostert 2003) gëtt "Weidingen" als Gebuertsuert unn (idem: Lux. Autorenlexikon, Lex. Lexikon). --Jamcelsus 21:31, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci. Dann hale mer dat emol bäi bis d'IP mat enger besserer Quell geschäert kënnt. Les Meloures 22:11, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Intressant ass och datt de Luxlex zwou Plazen ugëtt wou e gestuerwen ass. Les Meloures 22:20, 18. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


No enger Tëschestatioun am KZ Sachsenhausen koum hien den 11. September 1942 an d'KZ Dachau. Am August 1942 gouf hien an d'Schlass Hartheim bei Linz verluecht wou hien ëm den 10. August an der Gaskummer ëmbruecht gouf.

Wann en den 11. September 1942 op Dachau koum konnt en net am august schonn dout gewiescht sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 10:06, 11. Jul. 2020 (UTC)[äntweren]