Diskussioun:Jean Bertels

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

No dëser Beschreiwung läit d'Strooss zu Märel.


Les axes de circulation constituent les diverses limites du quartier : le prolongement de la rue des Celtes et la ligne de chemin de fer en direction d'Arlon servent de limite avec Cessange au sud, une partie de l'autoroute d'Esch confine à Hollerich au sud-est, la rue des Aubépines et le Val Ste. Croix constituent les frontières avec Belair au nord et au nord-est. La limite est avec Hollerich ou la frontière ouest avec les communes voisines ne sont par contre pas identifiables sur place.

  • Ech weess net vu wou deen uewen zitéierten Text hirkënnt, mä den offizielle Verlaf vun de Stater Quartieren gesäit een op der Kaart vun der Gemeng Lëtzebuerg, ënner www.topographie.lu. Do kann een dann z.B. d'Quartieren auswielen. D'rue Jean Bertels läit deemno am Quartier Hollerech; an engem ganz butzegen Deel - laanscht der Place de France - och am Quartier Belair, mä net zu Märel. Dem Evy Friedrich seng Donnéeën vu viru méi wéi 30 Joer sinn net méi onbedéngt richteg. Géif der den Artikel iwwer de Jean Bertels w.e.g. erëm deementspriechend änneren. --GilPe (Diskussioun) 20:06, 19. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]

Den Text kënnt vun dëser Säit: http://www.vdl.lu/Environnement+et+Urbanisme/D%C3%A9veloppement+urbain/Les+24+quartiers+de+la+Ville/Merl.html

Alt nees en typesch Affär. Deen ee beschreift d'Grenzen wees awer net wou se genee sinn, den anere moolt se et gëtt een awer net gewuer op wateren Text dee sech baséiert, an allen zwéi schengen net méi ze wësse wou de Kadaster de Stréch vun der Kadastersektioun Märel um Plang gezunn huet. Anschéinend géif no dësem uewegenannte Plang vun topographie.lu de Märeler Park och op Hollerech leien, wat fir méch e kompletten Non-sens ergëtt. Iergendwou misst dach eng ordentlech Beschreiwung vun de Quartiersgrenzen opzedreiwe sinn. --91.180.230.228 20:35, 19. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Et ass awer Hollerech: „Hollerich (...) Au nord, la limite va de la Place de France, passe derrière les bâtiments sud de l'Avenue du X. Septembre et de l'Avenue Guillaume et longe la rue des Jardiniers.“ http://www.vdl.lu/Environnement+et+Urbanisme/D%C3%A9veloppement+urbain/Les+24+quartiers+de+la+Ville/Hollerich.html --GilPe (Diskussioun) 19:17, 21. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Gutt nogesicht. Et ass schonn erstaunlech datt an der selwechter Beschreiwung bei deem enge Quartier gesot gëtt d'Grenze wieren net däitlech, a bei deem anere Quartier fënnt een eng héichprezis Beschreiwung fir déi selwecht Grenz. --91.180.230.228 07:42, 22. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]