Diskussioun:Jean Schortgen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"an a säin neit Graf am Agank vum Kierfecht ze verleeën": Ech weess net, ob et "relevant" ass, datt säi Grafsteen "am Agank vum Kierfecht" ass, ech weess just, datt et net stëmmt. --Cornischong 13:36, 25. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

De Jules Kauffmann 1993, S. 69 schreift: Die Abstimmung ergab eine Mehrheit für die Ansicht des Bürgermeisters und der Rat hielt weiterhin fest: "… das projektierte Denkmal auf einen vom Schöffenrat anzuweisenden Platz beim Eingang auf dem Kirchhof zu Tetingen zu errichten und von den üblichen Konzessionsgebühren zu befreien.
Das Denkmal wurde wie bekannt, am 2. Mai 1920 unter großer Beteiligung der Bevölkerung eingeweiht und fand großen Widerhall in der Tagespresse und in der schon mehrfach angesprochenen Broschüre vom Jahre 1980. Aus diesen Gründen erübrigt es sich, darauf besonders einzugehen.
Aber es muß gesagt werden, daß das Denkmal von Jhang Schortgen, gleichzeitig zu seiner neuen Grabstätte geworden ist. Es handelt sich demnach nicht nur um das Denkmal Schortgen, sondern auch um das Grabmal Schortgen. Zur Unterstreichung letzterer Tatsache soll das Gesuch von Frau Schortgen zitiert werden, welches sie an den Gemeinderat gerichtet hat, um die Umbettung ihres Mannes vornehmen zu dürfen.
"Am 3. März 1920 richtete die Witwe Schortgen, geborene Probst Catharina ein Gesuch an die Gemeindeverwaltung. Sie begründete ihr Gesuch wie folgt: "… den Leichnam ihres auf dem Tetinger Friedhof beigesetzten Ehegatten ausgraben zu dürfen und an der von der Gemeindeverwaltung ausgewiesenen Stelle, auf demselben Kirchhof, allwo von der Arbeiterschaft ein Denkmal errichtet wird, wieder zu bestatten."
Am 17. April 1920 erteilt der Schöffenrat der Gemeinde Kayl die entsprechende Genehmigung,…
--Jamcelsus 23:06, 25. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,
Fir ze preziséieren: Stëmmen déi Koordinaten déi ech hei drënner gesat hunn. (Op 5 Meter près, ech kréien se net méi genee dran)
49° 28’ 48’’ N 06° 02’ 36’’ O
Les Meloures 08:43, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Nom Bléck op d'Satellitebild schéngt et mer, ewéi wann dee scheinbare Widersproch dohir kéim, dass den Agank eng Kéier, waarscheinlech, wéi de Kierfech méi grouss gemaach gouf, oder wéi eng (nei) Mauer ronderëm gebaut gouf, verréckelt gouf. Da misst mam Adjektiv "fréieren" virun "Agank" d'Saach gedoe sinn... --Zinneke 10:18, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Hei am Artikel stoung ni datt d'Monument am Agank vum Kierfecht stéing. Hei stoung just dat wat am Gemengerot deemols décidéiert gouf, an et gouf mat Referenze beluecht. Ech sinn alt emol fréier heiansdo laanscht den Téitenger Kierfecht gefuer, a wa méi Verhalt net ze schlecht ass, ass nieft dem Monument ongeféier 6 bis 7 Meter devunner eng Trap déi op de Kierfecht féiert.

Déi Leit déi an der Lescht do ware fir et genee ze wëssen, missten dat eventuell konfirméire kënnen oder soen et wier net méi esou. Les Meloures 10:41, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Fir op den "ale" Kierfecht eropzegoen ass eng Trap do. Wann een uewen ass, kënnt dat, wat ech a vill aner Leit als den Agank betruechten, an do hannendru lénks ass d'Schortgen-Monument. Ech kënnen déi Situatioun zënter méi wéi 60 Joer! Déi Diskussiounen ass iwwerflësseg! --Jamcelsus 13:00, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
ongeféier Koordinaten: 49°28'47"N / 6° 2'36.30"E --Jamcelsus 17:16, 26. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]