Diskussioun:Joseph Hurt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Max Goergen / Matgrënner vun der Jonghémecht?[Quelltext änneren]

Wat de Max Goergen als Matgrënner vun der Jonghémecht ubelaangt, esou ass ze soen, datt an der 1. Nummer vun der Zäitschrëft (1926) [1] de Victor Neuens als Éditeur figuréiert an den H. (= Jos Hurt) en Editorial ("Zum Geleit") geschriwwen huet, mä vum Max Goergen ass näischt do ze fannen. An der nächster Nummer awer, der Spezialnummer [2] fir de Michel Rodange, ass een Artikel vum Max Goergen, dee mat dem Pseudonym "E vun der âler Erd" signéiert ass. De Jos Hess (1984, S. 216) erwähnt de Goergen net als Matgrënner vun der Jonghémecht. Am Luxemburger Autorenlexikon steet beim Jos Hurt: "Mit Victor Neuens gründete [Jos Hurt] 1926 die Zeitschrift Jonghémecht" (S. 283), a beim Max Goergen: "1926 gehörte [Max Goergen] mit Joseph Hurt zu den Begründern der Zeitschrift Jonghemecht." (S. 210) Do gëtt den Neuens net erwähnt, wat natierlech net richteg ass. Datt de Max Goergen wierklech zu den eigentleche Matgrënner vun der Jonghémecht zielt, miisst also mat enger eendeiteger Referenz beluegt oder säin Numm gestrach ginn.--Jamcelsus 17:22, 20. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Pardon, ech hat dës Diskussioun iwwersi wéi ech d'Referenz zum Autorenlexikon dra gesat hunn. Do ass wuel op Säit 210 de Victor Neuens "vergiess ginn", mä bei deem steet awer op Säit 448 ...gründete er mit Max Goergen und Joseph Hurt... --Jwh 21:51, 21. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Theater in Luxemburg von den Anfängen bis zum heimatlichen Theater 1855 ; Sonderheft zum 12. Jahrgang JONG-HÉMECHT Herausgeber Friny Gilson 1938 Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Firwat gouf déi weider uewe Publikatioun gestrach?

Warscheinlech well Är Ännerung global zréckgesat gouf, wéinst engem Feeler deen op enger Plaz gemaach gi war. Ech hunn et mol erëm dra gesat. --Les Meloures (Diskussioun) 15:37, 17. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]