Diskussioun:Kachkéis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Pour les Luxembourgeois, il aurait été apporté par les espagnols lors de leur occupation du Luxembourg. Ce fromage possède un aspect si coulant que certains luxembourgeois aiment dire qu'il leur sert à fixer les papiers peints de leur maison." gëtt een an der franséischsproocheger Wikipedia gewuer. Ki lü crü? --Cornischong 08:27, 26 September 2007 (UTC)

D'Originne leien awer eendeiteg zu Lëtzebuerg, an iwwer d'napoleonesch Zaldoten déi duerchgezu sinn huet e sech da weider verbreet. Do behaapten aner Leit net grad dat selwecht. Ech weess net op ee Radiossendungen déi net onbedingt e wëssenschaftlechen Hannergrond hunn als enzyklopedesch Quell soll ugesinn. Et gëtt sou e kulinaresche Fransous dee behaapt d'Originne wieren an der Franche-Comté. Solle mer de Frang werfe fir ze kucke wie Recht huet? --Les Meloures (Diskussioun) 16:15, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

De Mikael Materdja (oder wéi een och ëmmer buschtawéiert) sot: "[No] den Ecriten, déi een erëmfanne kann,..." Et misst een also mat dem Mon Kontakt ophuelen. Ech hu bei der Luxlait ugeruff, dee schafft do, awer virun e Méinden ass en net zréck. Wat häss de da gär konkret als Beweis? Net datt ech de gudde Mann kujenéieren, an da gëtt herno nach méi en héije Standard gefrot. Aner Fro: wéi heescht dee Fransous? --Otets 20:02, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

De Fransous ass de Jean-Marie Garnier deen e Buch erausginn huet iwwer d'Kichen an der Savoie. Et ass fir d'Luxlait einfach esou flott Saachen ze behaapten fir et de Lëtzebuerger méi intressant ze maachen. An der fr:Wiki gëtt en op 2000 Joer zréckdatéiert an d'Stammforme vum franséische Wuert cancailotte sinn esou guer uginn. De Rescht wier menger Meenung no ganz mat Virsiicht ze genéissen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:48, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

Ok, ech confrontéieren en dann e Méinde mat deem Fransous. An der fr-wiki kann dee sech awer selwer net decidéieren tëscht 0 n.Chr. a 16. Joerhonnert, an e gëtt un datt deen éischgenannten Datum als Quell eng Seechen huet. A wann s de mat de Stammformen dee Link mengs dee bei de Referenze steet, do ass déi eelste Source déi iwwert d'Wuert schwätzt vun 1881, wat nom Napoleon senger Zäit ass. Dat schléisst fr. Originnen zwar net per se aus, beluecht hu si awer och guer a glat näischt. Wann der Luxlait hir Schrëfte valabel sinn, dann zéien ech déi enger Seeche vir. --Otets 21:15, 21. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]
Wann ee freet: neen, ech hat haut keng Zäit, a kréie leider och moar keng. Leeft jo net fort. --Otets 17:16, 24. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]