Diskussioun:Kapëttchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Um Spaweck" weist e Link op "testberichte.de". Am Impressum vu "producto", der Firma, déi testberichte.de féiert, ass bei "Rechtliche Hinweise" ( http://www.testberichte.de/impressum.html ) dat hei ze liesen: "Jegliche Vervielfältigung oder Weiterverbreitung in jedem Medium als Ganzes oder in Teilen bedarf der schriftlichen Zustimmung der producto AG." Ech ginn dervun aus, datt den Auteur dat net gemaach huet. Datt de Link op der de-Wikipedia ze fannen ass, seet net vill aus. Datt et bei deenen net op e Grapp voll ugeet, léisst sech an deenen hirer Bibliographie noschloen. --Cornischong 04:41, 28. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, fir d'éischt emol merci fir d'kritescht Noverfolge vun de baussenzeche Linken. Am heite Fall verstinn ech déng Argumentatioun net: Bal all Contenu, op déi Linke baussent der Wikipedia féieren, ass net fräi, an dierf net kopéiert oder viruverbreet ginn, ouni dass den Auteur oder den Ayant-droit deem zoustëmmt (dat si ganz "normal" Copyrightsbestëmmungen, dat "Besonnecht" un der Wiki ass jo grad, dass do d'Inhalter fräi solle sinn). Am heite Fall gëtt deen Text awer net "verbreet", et steet just e Link do op eppes, wat et souwisou am Internet gëtt. Dee Link implizéiert jo net, datt deen Inhalt "fräi" wier (wéi all anere Link no baussen och net). Ech gesinn dofir kee Grond, dee Link ewechzemaachen, ausser, e wir a) caduc, b) hätt näischt mam Thema ze dinn oder c) hätt wéineg Informatiounsgehalt (a vill Reklammen). --Zinneke 10:14, 28. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

A wou mer scho beim Iwwerpréife sinn: Du hues och eng sëllege Literatur-Referenzen ewechgemaach, mam Commentaire, déi Bicher wieren net ze kréien. Ech huelen un, du hues recherchéiert an erausfonnt, dass se beim Verlag vergraff sinn. Elo ginn et jo awer nach eng sëllechen aner Ariichtungen (Bibliothéiken, Antiquariater, jo ganz normal Librairien) déi dës Bicher an hire Regaler stoe kënnen hunn, sou dass een, deen et sicht, se och fënnt. Mee fir et ze sichen, muss ee fir d'éischt wëssen, dass et publizéiert gouf.

Menger Meenung no erfëllen d'Literaturhiweiser an engem Artikel zwou Fonctiounen: Se sollen déi wichtegst Sekundärliteratur zu engem Sujet reflektéieren (Standardwierker, oder ganz speziell Fachliteratur zu deem Therma) an erëmginn, wat als Grondlag vun engem Artikel gedéngt huet (am heite Fall ass déi Ltz. Versioun just eng Zesummefaasung (wéi uginn) vum däitschen Artikel). Dofir sinn ech der Meenung, dass déi Referenzen och am Artikel stoe sollen.

Ech stellen déi Diskussioun emol op de Stamminet, well dat eng grondsätzlech Fro ass, déi näischt mam Artikel hei direkt ze dinn huet.--Zinneke 10:14, 28. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

No kenger Äntwert, dofir awer 3 Leit, déi explizit meng Meenung deelen, setzen ech dee Link an déi Referenzen nees eran. --Zinneke 22:50, 29. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]