Diskussioun:Kierch Dippech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"de Kräizwee, den Tabernakel an de Calvaire ": Ass de Kräizwee an de Calvaire net dat selwecht? Wann neen, wat ass de Calvaire? --Cornischong 10:44, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Dat gesaït net esou aus. Ech wosst déi richteg Iwwersetzung vu Calvaire net. Ech hat u "Kräizegung" geduecht, mee dat schéngt mir och net dat richtegt Wuert ze sinn. --Fliedermaus 14:15, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"Kalvarienberg" ass et op Däitsch, mee "Kräizegungsgrupp" ass eventuell hei am Artikel dat richtegt Wuert.--Fliedermaus 14:34, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, de Kräizwee ass op jiddferfall net de franséische calvaire. De Kräizwee heescht op franséisch chemin de croix oder och chemin de la croix. Um chemin de croix sti calvairen, d'Statiounskräizer. Par analogie ginn a Frankräich dann och Weekräizer, déi deene gläichen, och wann se net zu engem Kräizwee gehéieren esou genannt. D'Calvaire mussen och net ëmmer eng Grupp duerstellen.
Les Meloures 15:29, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

No Nofro bei engem "Fachmann": De "Calvaire" ass de "Kräizwee". --Cornischong 16:38, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Am Buch "Albert Hames Sculteur" ass op der Säit 82 eng Photo vun engem Wierk ze gesinn wat un zwee stolene Seeler hänkt. Dat Wierk besteet aus engem Kräiz mat engem gekräizegte Pesonnage (dem Jesus) a lénks a riets ganz no beim Kräiz stinn zwee aner Personnagen. Wéi soll een dat Wierk dann elo nënnen.
Am selwechte Buch sinn op de Säite 84 bis 87 Photoen mam Kräizwee, dee 15 Satiounen huet, ze gesinn.
Et sinn also effektiv zwee verschidde Wierker. Et muss en nëmmen nach en Ausdrock fir dat Wierk un de stolene Seeler fannen.--Fliedermaus 17:05, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

"besteet aus engem Kräiz mat engem gekräizegte Pesonnage (dem Jesus) a lénks a riets ganz no beim Kräiz stinn zwee aner Personnagen": ganz kloer eng Kräizegungsgrupp. Kënne mer net emol verrode kréien, wou dat hänkt? --Cornischong 17:10, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Ganz genee ass dat op de Photoen duerch den Ausschnëtt um Bild a wéinst der Perspektive net ze gesinn. Op enger Photo gesäit een awer ënner dem "Wierk un de stolene Seeler" en Tabernakel um Buedem. Bei enger Visite an der Kierch misst een dat "Wierk un de stolene Seeler" awer gläich gesinn wann een a Richtung Altor kuckt an de Kapp dobäi liicht an d'Luucht hält.
Hat net scho virdrun ee geschriwwen: "Kräizegungsgrupp" ass eventuell hei am Artikel dat richtegt Wuert? ;-)--Fliedermaus 17:38, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Vun der Kräizegungsgrupp vu Kierch Rolleng (Péiteng) hänkt e Bild am Artikel, an déi an der Rëmelenger Kierch hänkt widder der Mauer. Dat fanne mer schonn eraus. --Cornischong 17:52, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]



Moien,

Am Larousse en 3 Volumes op Säit 477:

Calvaire

  • 1) Nom de la colline à Jerusalem etc.
  • 2) Colline sur laquelle on a a planté des croix pour figurer le vrai calvaire, et ou l'on établi des chapelles et des stations rappelant les scènes de la passion.
  • 3)Croix érigée sur une plate-forme et souvent accompagnée de groupes sculptés.

Chemin de croix ou chemin de la croix (Säit 595 an deemselwechten)

  • 1) parcours fait par Jésus-Christ, chargé de sa croix
  • 2) suite de 14 tableaux ou bas-reliefs où sont représentées les schènes de la Passion
  • 3) exercice de piété consistant a méditer en priant devant chacun de ces tableaux.


Artikelen an den anere Wikipediaen:


fr:Chemin de croix - de:Keuzweg - en:Stations of the cross - es:Viacrucis - it:Via Crucis - la:Via Crucis - nl:Kruisweg (religie) .


fr:Calvaire + fr:Calvaire (sculpture) + fr:Golgotha (Calvaire) - de:Kalvarienberg + de:Kalvarienberg (Begriffsklärung) + de:Golgotha - en:Calvary + en:Calvary (sculpture) - it:Calvario - es:Calvario

Les Meloures 18:40, 21. Mee 2008 (UTC)[äntweren]