Diskussioun:Konter a Matt
Ausgesinn
Moien,
hei am Artikel stinn nach e ganze Koup Reegelen oder Erklärungen, déi mat "Fachausdréck" erkläert ginn, ouni dass déi awer hirersäits engem wéi mir, dee keng Anung vun deem Spill huet, eppes soe géifen. Wier et méiglech, dat nach e bësse méi kloer ze formuléieren? --Zinneke 16:48, 23 August 2007 (UTC)
- wann een eng Kaart vun der Faarf huet, déi ausgespillt gouf, muss ee se spillen („bekennen“)– oder eng Tromp-Kaart spillen - „trompen“. Wann ee keng Kaart vun der Faarf huet, déi ausgespillt gouf, da kann ee spillen, wat ee wëll.
- Hei stëmmt eppes an der Logik net. --Les Meloures (Diskussioun) 12:15, 22. Jul. 2023 (UTC)
- Wann Schëppen ausgeet, an ech hunn eng oder méi Schëppen, an ech hunn eng oder méi Trëmp, dann muss ech entweder eng Schëppen oder eng Tromp spillen.
- Wann Schëppen ausgeet, an ech hunn eng oder méi Schëppen, an ech hunn keng Tromp, dann muss ech Schëppen spillen, och wann et den Äss ass, an de Géigner de Stréch kritt well hien eng Tromp geluecht huet.
- Wann Schëppen ausgeet, an ech hu keng Schëppen, dann kann ech egal wéi eng Kaart spillen. Wann ech sécher sinn, dat méi Matspiller de Stréch kritt, kann ech zum Beispill een Äss opgin fir méi Schrom ze kréien.
- Gesinn de Problem elo net. Dewilda (Diskussioun) 20:39, 22. Jul. 2023 (UTC)
Gewënnerlëscht Al Dikkrich zanter 1973
[Quelltext änneren]1973 | 1 | Schmitz | Nic | Zeyen | Jean |
1974 | Ewers | Mil | Weber | Fern | |
1975 | Faltz | Jos | Houschette | Alfred | |
1976 | Maes | Charel | Kinn | Jemp | |
1977 | Hamen | Charel | Wolter | Marc | |
1978 | Arendt | Michel | Wolfers | Georges | |
1979 | Fretz | Annette | Weber | Josy | |
1980 | Flammann | Jos | Jung | Jean | |
1981 | Braquet | Marcel | Ries | Paul | |
1982 | Hamen | Ed | Reding | Jos | |
1983 | Hamen | Ed | Reding | Jos | |
1984 | Herrmann | Fern | Antony | Jeannot | |
1985 | Kayser | Pol | Wolfers | Georges | |
1986 | Ries | Pol | Weis | Nico | |
1987 | Herrmann | Fern | Antony | Jeannot | |
1988 | Herrmann | Fern | Antony | Jeannot | |
1989 | Müller | Marcel | Müller | Paul | |
1990 | 2 | Jung | Jean | Flammann | Jos |
1991 | Peller | Carlo | Scholl | Gerry | |
1992 | Mechtel | Henri | Roth | Roland | |
1993 | Settimo | Biserni | Lanter | Paul | |
1994 | Ries | Paul | Weis | Nico | |
1995 | Dichter | René | Maes | Charles | |
1996 | Goncalves | Helder | Scholl | Gerry | |
1997 | Flammann | Jos | Jung | Jean | |
1998 | Mergen | Johny | Watgen | Dan | |
1999 | Keiser | Carlo | Koob | Felix | |
2000 | Kiesch | Patrick | Zeimes | Marcel | |
2001 | Burg | Camille | Schank | Monique | |
2002 | Antony | Jeannot | Herrmann | Fern | |
2003 | Aruldoss | Manu | Dellere | Carlo | |
2004 | Ludwig | Claude | Stephany | Tom | |
2005 | Kinn | Jean | Zenners | Marc | |
2006 | Reichling | Pierre | Thillen | Serge | |
2007 | Bourg | Claudine | Bourg | Jemp | |
2008 | 3 | Heinen | Jean | Antony | Fränk |
2009 | Hamen | Ed | Paulus | Jim | |
2010 | Koetz | Chrisel | Bissen | Andy | |
2011 | Kinn | Jean | Zenners | Marc | |
2012 | Aruldoss | Manu | Dellere | Carlo | |
2013 | Weber | Diane | Schmit | Georges | |
2014 | Braquet | Tom | Braquet | Ralph | |
2015 | Krack | Martine | Krack | René | |
2016 | Bourg | Metti | Petry | Christian | |
2017 | 4 | Ramponi | Sven | Wangen | Luc |
2018 | Meyer | Alain | Thiel | Fernand | |
2019 | Bourg | Metti | Lefébre | Val | |
2020 | Covid 19 | ||||
2021 | |||||
2022 | Zeimes | Marcel | Petry | Christian | |
2023 | Foxius | Alain | Foxius | Mathis | |
2024 | Weber | Diane | Schmit | Georges | |
2025 | |||||
2026 | |||||
2027 |
FraRos69 (Diskussioun) 12:16, 16. Jul. 2024 (UTC)
- @FraRos69 Gudde Moien,
- merci fir d'Lëscht! Bei Geleeënheet bauen ech se an d'Tabell vum Artikel an.
- Hutt Dir zoufällegerweis och eng Lëscht vun de Finalisten, déi net gewonnen hunn?
- Nach eng aner Fro: Déi Lëscht, déi der heihi geschriwwen hutt, sinn dat Privatopzeechnungen oder kann een déi Lëscht enzwousch fannen?
- --Volvox (Diskussioun) 06:21, 17. Jul. 2024 (UTC)
- Moien!
- Déi Lëscht kënnt vun den Opzeechnungen op de bis elo 4 Deegrullen, op déi d'Gewënner all Jar agravéiert ginn, duerfier och déi Zuelen1-4 an der zweeter Kolonn. Zanter 1973 gëtt op Al Dikkrich Konter a Mitt gespillt, iwwregens steet och op deene selwischten Deegrulle Mitt mat zwee t, mee och Aal Dikkrich mat zwee A an zwee K, mir hunn déi zwee K bis haut bäibehalen.
- 2024 hu 75 Koppele matgespillt, manner wéinst enger Alerte Orange an der Meteo. Finalisten waren de Roby Pauwels an de Claude Bertemes, fréier sinn déi ni festgehale ginn.
- Ech sinn am Organisatiounscomité vun Al Dikkrich, a mir soe Merci fir dee wichtegen Artikel fir dëst flott Kaartespill populär ze halen. Mir kéinten Iech och Fotoen zoukomme loossen, iwwer Mail?
- Frank Rosch FraRos69 (Diskussioun) 06:58, 19. Jul. 2024 (UTC)
- Merci fir d'Hannergrondinformatiounen! D'Koppelzuel an d'Finaliste vu 2024 hunn ech an d'Tabell agedroen.
- Wann Dir Fotoen deele wëllt, kënnt Dir mir se gäre per Mail schécken (Dir kënnt mir iwwer Spezial:Dësem Benotzer eng E-Mail schécken/Volvox schreiwen, fir datt mer ons E-Mail-Adresse austausche kënnen, ouni datt se hei ëffentlech stoe kommen). Oder Dir kënnt d'Fotoen – wann Dir se selwer gemaach hutt oder d'Erlabnis hutt vun deemjéinegen, deen d'Fotoe gemaach huet – direkt op Wikimedia Commons eroplueden; dat ass d'Plattform, wou (bal) all d'Fotoen, déi op de Wikipediaen an anere Wikimedia-Projete benotzt ginn, zentral gespäichert ginn a fir jiddereen zur Verfügung stinn. (Hei gëtt et eng Assistenzfunktioun fir Fotoen op Wikimedia Commons héichzelueden.) --Volvox (Diskussioun) 09:55, 20. Jul. 2024 (UTC)