Diskussioun:Léon Roller

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Ënnert de Fittiche": Wat ass dat dann? --Cornischong 10:26, 5. Abr 2008 (UTC)


Moien,
Dat gouf emol verbessert an en anere Bobo och.
Ech liesen dann hei: An den 1950er Joren huet hien de Ray Philipp trainéiert, deen Europameeschter gouf.
Am Artikel iwwer de Ray Philipp steet näischt dovunner. Wousste mer an deem Artikel nees näischt dovunner oder stëmmt déi Informatioun net? freet sech de Les Meloures 10:44, 5. Abr 2008 (UTC)

Tjo, an dobäi ass bei dem leschte Saz eppes net ganz kloer: " huet hien de Ray Philipp trainéiert, deen Europameeschter gouf. Duerno huet hien dem Boxsport definitiv de Réck gedréit" Dem Saz no misst de Ray Philipp dem Boxsport de Réck gedréit hunn. Ass dat net dee Sport, bei deem een der widder de Kapp kritt? --Cornischong 11:24, 5. Abr 2008 (UTC)


"war e lëtzebuergesche Meeschter am Boxen": Wat bedeit dat? Hat hien d'Meeschterprüfung am Boxen? War hie "Landesmeeschter"? Oder huet hie "meeschterhaft" (sic!!!) geboxt? --Cornischong 11:39, 5. Abr 2008 (UTC)

Moien,
Hei gëtt vill Froe gestallt. Wie soll op déi all äntwerten? Vläicht déi IP 79.206.105.70 déi den Text heihinner gesat hat, an vun deeër mer warscheinlech ni méi eppes héieren.

Les Meloures 12:43, 5. Abr 2008 (UTC)

Moien, dach dir wärt nach heieren, ech sin derbai eng Dokumentation iwer den Léon Roller ze rechercheiren, hien wor en Member vun menger Familjen. Nach en klengen Bobo oder a Fehler den ech awer schons verbessert hun: Den Ray Philipp ass nömmen 2. op der Europameschterschaft gin den Jorgang sichen ech nach no. Ech liewen seit bal 30 Joer an der Friemd a mai Letzeburgesch ass vielleicht eppes onsicher. Sorry. Gött et en Korrekturprogramm fir ons Sprôch? Thil

Gudden Owend. Ma dat ass flott. Mer kënnen alles liesen. Et gëtt fir den "Office" vu Microsoft e Plug-In fir Lëtzebuergesch. Mer waarden op méi. E schéine Bonjour an d'Friemd. --Cornischong 20:15, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

An net ze vergiessen de Korrekturprogramm vum Projet Cortina. Mee wéi de Cornischong scho sot, mer kënnen och esou alles liesen a freeën eis op méi. --Otets 20:31, 27. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, ech versichen fotoen vun der Olympiade 1948 op Sait vum Léon Roller ze setzen, eng foto aus dem Wembley-stadion an eng zwet Foto vum Team Gusty Laurent. Huet en Erfarung iwer Lizenzfraigab? Thil (elo Edlit)
Ech fleien ömmer nes aus Wikipedia eraus obwoel ech mech ugemelt hun an och bestätigt hun.

Wann s de den Auteur vun de Fotoe kenns, da fro deen op s de se op d'Wiki däerfs setzen a wa jo ënnert wat fir enger Lizenz. Wann d'Fotoe vun enger Internetsäit sinn, da kuck op net iergendwou e Link op "Copyright" oder "Legal Notice" geet, wou da steet op an ënnert wéi enge Konditiounen/Lizenz ee Fotoe ka kopéieren. Wann s de guer keen Unhaltspunkt hues, dann huel "en attendant" d'Fair use Lizenz.
Fir net ëmmer aus der Wiki ze fléie wann de Server den Hick huet, klick beim Aloggen op d'Case "Verhal mäi Passwuert duerch d'Sessiounen".
--Otets 12:38, 29. Mee 2008 (UTC)[äntweren]