Diskussioun:Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Léiwen 141.40.169.148! Wat Saachen! Wier et net eng Iddi, fir eis méi ze verrroden iwwer déi Leit?? Merci. --Cornischong 01:29, 23 Februar 2006 (UTC)

Et gëtt bei däer Lëscht just ee klenge Problem. Et ginn 440 Lëtzbuerger Olympioniken! De Knäipziedel ass hei: [1] Kaffi 08:28, 23 Februar 2006 (UTC)

Et kéint ee se vläicht op zwee Artikelen opdeelen, ee fir d'Olympionike vun de Wanterspiller (am Moment sti souwisou keng aner an dësem Artikel dran) an ee fir déi vun de Summerspiller (wou et der effektiv vill méi dierfte sinn). --Otets 10:52, 23 Februar 2006 (UTC)

WARNUNG: Dës Säit ass 31 kB...[Quelltext änneren]

Ech krut elo dësen Text beim der leschten Ännerung dohistoen. WARNUNG: Dës Säit ass 31 kB grouss; eeler Browser kënne Problemer hunn, Säiten ze bearbechten, déi méi grouss wéi 32 kB sinn. Iwwerleet w.e.g., op eng Opdeelung vun dëser Säit a méi kleng Abschnitter méiglech ass. Länger Säite kënne mat den Ännere-Links am Text bearbecht ginn, falls dës Optioun an de Preferenzen net deaktivéiert ass..

D'Olympioniken vun de Wanterspiller an de Summerspiller trennen, hëlleft net vill bei deem Problem. Et misst en eng Trennung am Alphabet ("A" bis "M" an "N" bis "Z" zum Beispill) maachen. Kann ee mir soen wéi dat geet oder wann e Loscht huet, dat fir mech maachen.. Fliedermaus 14:10, 18 Mee 2006 (UTC)

Et kéint een et esou maache wei bei der Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen, all Bustaw eng Säit. Den Owend wees ech awer net op ech nach d'Kéier dozou kréien. --Briséisβρισεισ 15:51, 18 Mee 2006 (UTC)

Den Artikel "Preisen" huet der ‎(62,077 Byte), Alphabetesch Lëscht vum Johann Sebastian Bach senge Wierker ‎(81,407 Byte) , Fussball-Weltmeeschterschaft 2006 ‎(56,273 Byte) asw. All déi Artikele stinn an hirer ganzer Längt op "enger Säit". Déi Warnung kënnt mer e bësse "komesch" vir. Iwwregens huet den "Lëscht vun de russesche Stied" (deen och eng Lëscht ass) 111,267 Bytes. --Cornischong 16:56, 18 Mee 2006 (UTC)
An der de ginn et nach ganz aner Schonggréissten: "Geschichte Norwegens" 256.531 Byte; dobäi hunn 902 Artikelen iwwer 50kB. --Cornischong 17:02, 18 Mee 2006 (UTC)

Merci fir d'Äntwerten. Wann ech keen techneschen Problem kréien, schreiwen ech déi lescht (+/- 20) Olympiomniken nach op d'Lëscht dobäi, obdeelen kann e jo nach ëmmer wann et sënnvoll erschéngt.Fliedermaus 06:59, 19 Mee 2006 (UTC)

Olympioniken[Quelltext änneren]

Ausser den Diskussiounen iwwer d'Gréisst vun der Lëscht gesinn ech en aanere Problem nämlech dee vum Gebrauch vum Wuert Olympioniken.

Ass net een Olympionik ee Sportler dee wéinstens eemol eng Kompetitioun op den Olympesche Spiller gewonnen huet. Les Meloures 20:43, 13 Dezember 2006 (UTC)

Den DUDEN seet eis: Olympionike, -in : "Teilnehmer, bes. Sieger bei einer Olympiade". Da si mär jo an der Rei. --Cornischong 22:09, 13 Dezember 2006 (UTC)

Tjo wann deen et seet :-) Les Meloures 22:20, 13 Dezember 2006 (UTC)

Félix Arendt[Quelltext änneren]

Is he a hoax? I found nothing about him, neither in the affixed source, nor in Google or online catalogues. --Wolverène 18:22, 10. Aug. 2016 (UTC)[äntweren]

It is definitively no hoax as Félix Arend is well listed with a biography in Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 on page 264 where it is as well mentioned that Felix Arend had just been nominated as substitute for the bob sledge team. I will create the corresponding article.Robby (Diskussioun) 20:35, 16. Aug. 2020 (UTC)[äntweren]