Diskussioun:Lëscht vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

ech hunn dat ënner "Lëscht vun.." lemmatiséiert, well den 'inhaltlechen' Artikel gëtt et jo schons ënner "Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg".

Mär fällt just an: Wéi ass et mat deenen eenzelne Sectioune vum Institut grand-ducal? Ech weess, datt den IGD-LEO eng gréisser spezialisiéiert Bibliothéik huet, mee net genuch iwwer déi aner Sectiounen. Weess do ee méi? --~~

D'Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques (Institut grand-ducal) huet eng eegen Bibliothéik zesummen mat der Société des naturalistes luxembourgeois op der Kalchesbréck (am Gebei wou d'Führerscheiner ze kréie sinn). --PlayMistyForMe 09:21, 29. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]


Gewéinlech ass et jo net esou gär gesinn, wann en Artikel mat externe Linken zougebottert ass. Well dat hei eng Lëscht ass, a keen Artikel, a well dat och e Méiwäert huet, hunn ech hei kee Probleem dermat. Allerdéngs wollt ech froen, ob e "Këschtebastler" bei Geleënheet dat ganzt esou 'apake' kinnt, datt dat méi 'propper' ausgesäit, deemno a je 2 Kolonnen stoe giff: lénks den Numm, mat Wikilink, riets de Link no baussen? Merci am viraus! --Zinneke 09:03, 31. Jul. 2008 (UTC)[äntweren]