Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Als Referenz ass den "Document de référence 2011" uginn. Op der Säit 76 vun dësem Dokument ass d'Lëscht vun den aktuelle lëtzebuergeschen Eisebunnsstrecken, mat hirer offizieller Numerotatioun, uginn. Do geäit een dass d'Strecken net als 10, 20, 60 an 70 numeréiert sinn, mä als 1, 2, 6 a 7. Dat ass net nei; dat war esou zënter dass et d'CFL gëtt.

  • Wier et net méi richteg dës Numerotatioun och op Wikipedia z'iwwerhuelen?

10er Nummere ginn nëmmen an de Fuerpläng gebraucht, an dat och eréischt zënter enger Dose Joren.

Zousätzlech muss een och drunn denken dass eis Eisebunnsstrecken zënter 2009 net méi den CFL gehéieren, mä der Administration des Chemins de Fer, enger Administratioun vum Ministère du développement durable et des infrastructures. Deemno kann een haut net méi vun CFL-Strecke schwätzen.

D'CFL mécht nëmme méi d'Gérance vun den Eisebunnsstrecken am Opdrag vum Staat. --Pecalux 07:50, 30. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]


Jo an nee, et steet effektiv sou datt do dran, mä ech hunn mech éischter un eisen Artikelen orientéiert déi all eng 10er Nummer hunn. Well an leschter Konsequenz sinn di 10,30,50er Nummeren déi di den Public kennt. Di wéinegst kennen deen Ennerscheed, dowéinst géing ech dach di länger Nummeren huelen, soss steieren mer géint den Public. Wann een sech fir d'Thema intresséiert, dann sicht en no der Nummer déi op sengem Fahrplan steet an net no enger Nummer ouni d'0 um Enn, déi en dann nosichen misst.

Mä ech mengen dat do ass eng Diskussioun, do fannen sech fir béid Schreifweisen gutt Grënn.

--Luxmaster051 13:37, 30. Jan. 2011 (UTC)[äntweren]