Diskussioun:Lëscht vun de lëtzebuergeschen Nimm fir net-lëtzebuergesch Uertschaften

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Mailand oder Milano?[Quelltext änneren]

Solle mer hei just déi stacklëtzebuergesch Nimm drasetzen oder och déi, déi dselwecht wéi am Däitsche sinn (z.B. Mailand)? --Otets 10:23, 15 Dezember 2005 (UTC)

De Critère sollt sinn, wéi op Lëtzebuergesch gesot gëtt; an do ass Mailand dach éischter méi geleefeg wéi Milano (vu wou aus e Redirekt sollt ginn), oder net?

Dat ass sécher, mee dat hunn ech net gemengt gehat. Meng Fro war, op mer an dës Lëscht all Uertschaftsnimm ophuele sollen, déi op Lëtzebuergesch anescht si wéi den Originalnumm, oder just déi, déi op Lëtzebuergesch net nëmmen anescht wéi den Originalnumm mee och anescht wéi den Numm an allen anere Sprooche sinn. Bäi der éischter Variant dierften et honnerte wann net dausende Nimm sinn, bäi deer zweeter misst een dat Ganzt nach iwwerkucke kënnen. --Otets 16:52, 15 Dezember 2005 (UTC)

Huet nach ëmmer keen eng Iddi zu menger Fro? --Otets 11:35, 20 Dezember 2005 (UTC)

also ech hu wéi ech den Numm vun dëser Säit gesinn hu spontan un dem Otets seng 2. Alternativ geduecht (ltz anescht wéi all déi aner Sproochen) a mengen dat géif och duer goen, wär méi interessant a géif Doublon mat aneren Uertschaftsleschte vermeiden --Marcus 11:40, 20 Dezember 2005 (UTC)

Ma da maache mer et och esou. --Otets 12:13, 20 Dezember 2005 (UTC)

Ech si villäicht e bësse spéit un. Also wann et déi "2. Alternativ " wier, da missten "och déi, déi dselwecht wéi am Däitsche sinn (z.B. Mailand)" dra sinn. An niewebäi: Datt "Bastogne" soll "Baaschtenech" genannt ginn, dat géif ech emol gär iergendwou gesinn. D'Dictionnaireskommissioun kennt dat och nëmmen als Baaschtnéch (dat géif jo no der Reform: Baaschtnech). A wa mer schonns derbäi sinn: Wa "Burg-Reuland" soll "Buerg-Räiland" sinn, da wonneren ech mech, datt "eist" Reuland, Reuland da "Reiland" op lëtzebuergesch ass. --Cornischong

De Marcus huet "ltz anescht wéi all déi aner Sproochen" scho richteg benannt: "2. Alternativ"
Baaschtnech verbesseren ech direkt, klenge Lapsus.
Iwwert d'Chrëschtdeeg ginn ech emol kucken, op keng Bunn laanscht Buerg leeft, da kann ech der vläicht méi soen. --Otets 13:14, 20 Dezember 2005 (UTC)

Léiwer gleewen ewéi kucke goen[Quelltext änneren]

Et géif mech intresséieren. wat fir e Bewäis et fir "Fribuer: Fribourg/Freiburg" gëtt. Also: Wou kënnt dé Schreifweis hier, a wou ass se ze fannen? Wa keen dat beleeë kann, da geet et zréckuetesch. --Cornischong 18:52, 5 Juli 2006 (UTC)

Nach vill méi besser lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

Ier elo nach een hei opdaucht mat "einfach emol esou" Behaaptes: Et wier "net schlecht", fir bei "neien Nimm" mol unzeginn, wou en dat hierhuet! Et sinn der scho genuch, déi behaapt hunn déi riets Kusinn vum lénkse Noper géif dat esou soen. --Cornischong 19:31, 6 Juli 2006 (UTC)

Venedeg???[Quelltext änneren]

Also ass den Numm net e bëssi gefuddelt? Aus logescher Siicht kennt jo en lëtzebuergeschen Numm zustanen well et duerch d'Geschicht oder duerch aaner Grënn eng Verbindung teschend där Stadt an Lëtzebuerg gouf an get. Esou hunn Stied an Uertschaften déi an der Nooperschaft vun Lëtzebuerg sinn en Lëtzebuergeschen Numm. Bréissel an Paràis sinn och kloer well Frankräich an d'Belsch jo eng mat eiser Geschicht verbonnen sinn. Roum ass och kloer, well mier schliesslich e katoulescht Land sinn. Mee Venedeg? Dat ass dach einfach aus dem Däitschen verlëtzebuergescht. Genee esou kéint en elo och Zürëch fier Zürich schreiwen. Dann get d'Lëscht wonnerbar laang an herno ass d'hallschent nemmen Kaabes, also nemmen iergendswei iwersaat. Ech weess nämlech éierlech gesot net, ob een elo kann Zürëch schreiwen blouss well ech dat elo sait 10 Joer esou soen. --Spanish Inquisition 15:03, 9 Juli 2006 (UTC)