Diskussioun:Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Schengen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hun elo e puer Biller an d'Lëscht agedroen an hun dozou e puer Remarken ze maan.

Bech-Maacher: D'Bild vum Bauerenhaff am Kuebenhaff dat ech dobäi gesat hun ass ouni Garanti. Well keng Hausnummer uginn ass hunn ech dat geholl, wat mer am meeschten no Bauerenhaus ausgesinn huet. Allerdengs ass et ganz schlecht ze fotograféiere gewierscht. Et gesäit een ëmmer nëmmen en Deel dovun.

Rëmerschen: An der Lëscht steet Haus Nr. 88 + 88A. A Wierklechkeet gët et Nr. 88 net, nëmmen 88A an 88B.

Schwéidsbengen: Di Gebaier op der Nr. 17 route du Vin gëtt et net. Dat gesäit een och op der Kadasterkaart.

Wellesteen: Do kann een och ganz lëschteg Momenter verbbrengen op der Sich no Häiser. D'Gebaier op der Kräizung route de Mondorf / rue du Vieux Coin gëtt et net well et esou eng Kräizung net gëtt. A wann et se giff ginn wier et nach net kloer well keng Hausnummer uginn ass.

D'Haus an de Gaart op der Nr. 1, rue de la Chapelle ass och net kloer ze identifizéieren, do hunn ech e puer Heiser geknipst wouvun ech awer net wees, op dat richtegt dobäi ass. E Gaart war och bei kengem ze gesinn.

D'Gebaier op de Nummere 4 a 6 an der rue Ste-Anne: D'Haus Nr. 4 ass kloer, di nächst Hausnummer ass 8, dotëschent sinn zwee Gebaier mat grousse Paarten (fréier Scheieren), dat eent gehéiert warscheinlech zum Haus 4, dat anert zum Haus 8, vun enger Nr. 6 keng Spuer.

Vill Spaass wann nach een zu Wellesteen wëll siche goen.--MMFE (Diskussioun) 12:58, 10. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, 't ass effektiv hei an s do en Detektivspill! Ech hunn emol d'Koordinaten, wéi ech se op Geoportail fonnt hunn, iwwerall derbäigesat, wou se kloer waren. Den 1 rue de la Chapelle misst der Kadasternummer no elo z'identifizéiere sinn. Zu Schwéidsbeng kinnt et op der offizieller Lëscht en Tippfeeler sinn (71 amplaz 17); ech hunn awer keng Méiglechkeet ze kucken, ob den 71 "no eppes ausgesäit"... Zu Wellesteen, d'rue du Coin: Um SSMN senger Lëscht steet näischt vun enger Kräizung, do ass just e Queeschstréch. Et misst deemno dat Haus sinn, wat vu vir un déi eng a vun hannen un déi aner Strooss grenzt. --Zinneke (Diskussioun) 16:44, 10. Sep. 2012 (UTC)[äntweren]