Diskussioun:Lëtzebuerg Privat

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Artikel-Säit läschen![Quelltext änneren]

Lëtzebuerg Privat gët et net méi: Sie heescht elo nëmmen nach Privat!!! -- 188.115.14.10 13:45, 22. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann iech gelift, kann een vun den Administratoren dës al Säit läschen, well et gët zënter laangem schonn den aktuellen Artikel "Privat (Medien)"! MfG., -- TiMue87 15:49, 5. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Link op d'Websäit vu Lëtzebuerg Privat: Luxprivat.lu as zënter 2010 eng Online-Zeitung[Quelltext änneren]

"kann just jidderengem dovunner ofrieden deen link kucken ze goen, well luxprivat seit automatesch en trojaner um pc installeiert..." hat eng IP bei de Link op d'Websäit vu Lëtzebuerg Privat geschriwwen.

Well de "Websense" d'Websäit vu Lëtzebuerg Privat zu der Kategorie "Malicious Web Sites" zielt, hunn ech de Link op déi Säit am Artikel geläscht.--Fliedermaus 08:44, 5. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat as Kabes Här Fliedermaus!!! Ech verstinn net firwaat den Link (Luxprivat.lu) geläscht gouf, ginn bal all Dag dohinner!? D'Online-Zeitung as och eréischt den 4. Jaunar 2010 (um 5. Februar, also virun 2 Joer, war äeren leschten Kommentär?) gegrënnt ginn an hat am éischten Joer 2 Millionen User (Artikel: "3 Millionen Besuscher im Visier 2011"); dat seet wuel alles. -- 92.116.160.157 05:43, 5. Feb. 2011 (UTC) Hallo, sin hei och Administratoren? Déi ganz Säit as zënter der Blockad vun 2009 net méi aktuell!!! -- 87.240.236.162 09:14, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

MOIEN!!! (gell, dat Gejäiz gesäit net terribel héiflech aus?) D'Säit ass net blockéiert, just Leit, déi kee Usernumm hunn, kënnen näischt änneren. Dat, well ëmmer nees Topereien dra gesat goufen (am Versiounshistorique vum Artikel nozeliesen. Do gifft Der och gesinn, datt d'Spär fir anonym IPen net 2 Joer al ass, mee just 3 Méint, wenodeems erëm een anonym "egal wat" dohi geschriwwen hat). Mellt Iech un, da kënnt der d'Säit gären änneren an aktualiséieren - wéi do steet, ass et eréischt just eng kleesper Skizz. Wat dee Commentaire uewendriwwer betrëfft: Deen ass; wéi der gesitt, 2 Joer al. Ët ass dofir net nëmme méiglech, mee esouguer warscheinlech, dass sech zënterhier Saache g'ännert hunn. --Zinneke 09:47, 8. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
D'Websäit mam Link "http://www.luxprivat.lu/" huet op jidde Fall de 5. Februar 2009 bestanen, och wann et zu deem Zäitpunkt nach keng Online-Zeitung do gouf. Fakt ass datt deemols déi Websäit vum "Websense" an d'Kategorie vun de "Malicious Web Sites" agestuuft gouf. Doroposhin gouf de Link geläscht. Äre Kommentar ass dofir net fondéiert.
Wann d'Websäit haut net méi zu der Kategorie "Malicious Web Sites" gezielt gëtt, da kann de Link jo erëm op d'Säit vum Artikel eragesat ginn an dat ass och schonn esou gemaach ginn.-Fliedermaus 15:21, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann iwwer 2 Milliounen Leit eng virdrun bal onbekannt Lëtzebuerger Internetsäit, bzw. Online-Zeitung an engem Joer besichen an hei beim Wikipedia d'Säit fir ze schaffen blockéiert as an an den Diskussiounen een ur-alen Bäitrag mat der Info steht, datt déi wuel ganz beléift Internet-Säit voller Viren wier an och blockéiert as, dann as dat zimmlech schlecht fir den Niveau vum lëtzebuergesch-sproochegen Wikipedia; zemols bei enger Lëtzebuerger Firma an déi aner-sproocheg Wikipediaen wéi bal ëmmer erëm méi aktuell sin. Och vum neien Web-Radio an -TV fehlt am aktuellen Artikel bis haut nach all Spuer! -- 87.240.236.162 02:27, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Radio an TV[Quelltext änneren]

Den 1. März um 8:00 Auer start Lëtzebuerg Privat no dem Mega-Erfolleg vun senger Websäite (iwwer 2 Milliounen User am 1. Joer) elo mat sengem eegenen Webradio komplett durech: Artikel zum neien Radio Privat. -- 87.240.236.162 12:02, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Gott sei Dank gëtt et op all Radio e Schalter fir en auszeschalten. --

195.46.241.230 16:44, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

"Eng Zeitung déi keen liest, awer jiddereen wees wat dran steet!", so wäert et och mat dem neien Radio sin: "Een Radio dat keen lauschtert, awer jiddereen wees wat drop leeft!". Zem Gléck gët et wéinstens eng onofhängeg Press, wéi déi vum Nicolas, ze Lëtzebuerg. -- 87.240.236.162 17:31, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Léif Leit, dat hei ass keng Fansäit oder Plaudersäit, mee eng Diskussiounssäit zum Inhalt vum Artikel iwwer eng Zeitung. All weider Commentairen, déi näischt mam Artikel selwer ze dinn hunn, si w.egl. op anere Plazen ze féieren. --Zinneke 18:13, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Nieft dem geplangten, permanenten Webradio Lëtzebuerg Privat-Radio, as den 25. Februar 2011 Lëtzebuerg Privat-TV mat der éischter Online-Reportage op Sendung gaangen 1. Reportage vun Lëtzebuerg Privat-TV. Dës Reportagen gin an Zesummenarbecht mat der lëtzebuergescher Télé-Firma Simba Pro produzéiert Internetsäit vun Simba Pro. Geneeër Infoen gin et och am däitschsproochegen Wikipedia. -- 87.240.236.162 02:14, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Haut um 8:00 Auer as den permantenten Webradio Lëtzebuerg Privat-Radio op Sendung gaangen. Um 10:00 Auer den selwechten Dag gouf den éischten net-musikaleschen Programm een Erëffnungs-Inteview mat dem Direkter Jean Nicolas gesend Artikel zum Startschoss vum neien Radio. -- 87.240.236.162 14:20, 1. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

2. Chef-Redakteur[Quelltext änneren]

Dëssen Artikel muss dréngend iwwerschafft gin, den as jo ueraal an mat villen Fehler an Lücken! Sou as z.B. den 2. Chef-Redakteur schon zënter dem Januar 2011 nieft dem Kölner Heinz Kerp, den Sachs Sven Günther, den virdrun bei der Bild-Zeitung geschafft huet. Zusummen mam Erausbrénger Jean Nicolas sin sie festen Bestand vun der Dages-Debatt vum "Radio Privat", live all Mojen um 10:00 Auer an am Internet als Potcast Link vum Radio mat den Potcasts. -- 212.23.105.138 02:25, 11. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Diskussiouns-Säit vum Artikel Jean Nicolas[Quelltext änneren]

Zënter wéini gin bei Wikipedia dann elo och schon d'Diskussiouns-Säiten gespaart; wéi bei dem fehlerhaften Artikel iwwert den Jean Nicolas!? Ech wollt do hinschreiwen, datt et déi francophon Zeitschrëft L'Investigateur zënter Mee 2010 schon net méi gët, well sech d'Zeitung net méi bei der lëtzebuergescher Zillgrupp huet verkaafen geloss; elo setzt Presse-Grupp an all hieren Medien ganz op déi zwee, vum Lëtzebuerger Lieser favoriséiert, germanophon Sproochen Däitsch an Lëtzebuergesch. Aktuell besteht d'Presse-Grupp Nicolas aus der Boulevard-Zeitung Lëtzebuerg Privat, der Online-Zeitung LuxPrivat.lu, der Promi-Zeitschrëft Promi Lëtzebuerg, der Satire-Zeitschrëft D'Wäschfra, dem Lëtzebuerg Privat-Radio ("Radio Privat") an dem Lëtzebuerg Privat-TV ("Privat TV"). Weider Informatiounen zur Verbesserung vum Artikel hei: Artikel: Neue Arbeitsstellen - Pressegruppe Nicolas schaltet einen Gang höher! -- 212.23.105.138 02:42, 11. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Aktioun fir Pressefräiheet[Quelltext änneren]

Den 30. März 2011 huet Lëtzebuerg Privat, no massiven politeschen Berschränkungen duerch den Generalstaatsanwalt, eng Aktioun fir Pressefräiheet gestart an versend un jiddereen vëlleg gratis den derzougehéieren Sticker, den den Slogen "Fir eng Frai Press zu Lëtzebuerg!" zusammen mat sengem Numm an senger Adress per E-Mail un Info@luxprivat.lu schéckt. Aktioun fir Pressefäiheet Méi Infoen fir d'Verbessrung vum mega-lückenhaften Artikel am Däitschen Wikipedia! -- 188.115.14.10 20:11, 30. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]


Dessen Artikel misst gelescht gin. Ass net mei korrekt.

A wat ass dann zum Beispill net méi korrekt? --91.180.237.158 09:57, 31. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

Den Nicolas an den Kerp hun mettlerweil aner Titelen, et sin Seit deem nei Produiten dorbai komm, et get och net erklaert wou Zeitung gedrekt get.

A well eng Säit net méi honnertprozenteg à jour ass, misst se geläscht ginn? A soss hu mer keng Péng?? --91.180.237.158 14:12, 31. Jul. 2013 (UTC)[äntweren]

net an deem toun schwetzen. soss kennen mer gaer bis fierun dier goen an dei sach klaeren!

:Witzbold --87.66.198.239 15:14, 19. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

anonym lachen kans de. nikki do.