Diskussioun:Lëtzebuerger Energiewirtschaft

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Souwäit ech weess, goufen "Déi Gréng" 1983 gegrënnt, d'Diskussioun em Remerschen awer huet 1978 héich Welle geschloen. Deemno kunnten déi schlecht dergéint gewiescht sinn, well et se nach net gouf;-)

Ech mengen, du verwiessels se mat der Biergerinitiativ Museldall (BIM) an dem CNAM (Comité national pour un moratoire), déi deemools d'Géigner versammelt hunn.

--Zinneke 19:31, 10 Januar 2006 (UTC)

De 15. Mee 1976 gouf de CNAM gegrënnt. De CNAM huet bestanen aus :

  • "Vertretern Luxemburger Wissenschaftler"
  • Natura, Liga für Natur- und Umweltschutz"
  • "Jeunes et Environnement"
  • "Biergerinitiativ Museldall" (aus dem "KKW Remerschen Weissbuch")

--Cornischong 22:33, 10 Januar 2006 (UTC)

nudge-nudge[Quelltext änneren]

Hei hu mer den typesche Fall vun engem Thema, deen nach "jonk" genuch ass, dass mer eis 'iergendwéis" (!) drunn erënneren, mee nach net "historesch" genuch, fir dass en an de Kanon vun de Geschichtsbicher (déi zu Lëtzebuerg meeschtens Mémoirë-Bicher sinn) opgeholl gi wir. Zudeem fällt en an déi Zäit, wou villes an hekto- oder soss polycopéierte Publikatioune geschriwwe gouf, déi haut kaum nach ze fanne sinn, well d'Aktiviste vun deemools déi scho laang an de Recyclingcenter bruecht hunn...

Wier do net (wénk-mat-der-Poart-wénk-mat-der-Poart) deen een oder aneren Artikel dran ("CNAM" (steet jo scho bal do), mee och "Projet AKW Remerschen")? Zwee-dräi Abschnitter mat de wichtegsten Acteuren an Daten géife schons duer... freet héiflech emol de --Zinneke