Diskussioun:Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kann weg een mir soen, wéi ech de WOSM an de WAGGGS Logo niefteneen kréien? Merci --Fred 02:19, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Ech sinn doranner e relativen Ufänger, mee ech menge net datt dat méiglech ass. Mee villäicht weess jo een anere méi. Myriam 08:08, 8 Mäerz 2006 (UTC)
Ass gemaach. --> "gallery" --Cornischong 09:14, 8 Mäerz 2006 (UTC)
Merci :) Kann een do och d'Gréisst an d'Platz änneren? --Fred 09:18, 8 Mäerz 2006 (UTC)
Sou wäit wéi ech matkrut d'Gréisst net, a bei d'Fro no der Plaz verstinn ech net ganz. Mengs de ënnerteneen? Nach e Wuert: Déi "gallery" ass mat Virsiicht ze genéissen: Wann s de Biller drasetz, déi horizontal sinn (!) an du hëlls dat Format, wat aus dem Knipsomat kënnt (12:9), da kréien déi, déi en Norton Internet Security lafen hunn (an där ginn et jett) d'Biller net ze gesinn. Awells de nach wësse wolls, firwat da just déi: Déi Biller gläichen am Format dem Spam an da jickt den Norton déi! Wat s de maache muss (fir der awer dranzesetzen): Du muss um Format triwwelen, d.h. mindestens ee Pixel ewechhuelen. Dat héiert sech komesch un, ass awer esou :-) --Cornischong 09:47, 8 Mäerz 2006 (UTC)

Gehéiert d' AGGL net zu den LGS? (freet den User:Yedifeider den 12. Februar 2007 um 20:50)

Neen, d'AGGL gehéiert net zu den LGS. Kuck w.e.gl den Artikel Guiden zu Lëtzebuerg. --Pecalux 08:17, 13 Februar 2007 (UTC)

Ass et "Bieles-Metzlerlach" wéi an dësem Artikel, "Belval-Metzerlach" wéi op de Scouten hirer eegener Säit oder soll ee bei den Artikel "Kierch Bel Val-Metzerlach" knäipe goen? --Otets 23:18, 15. Abr 2008 (UTC)

Et ass "Belval-Metzerlach", "Bieles" ass en anere Grupp (Belvaux).--Methyl (Diskussioun) 13:36, 1. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Gruppe Kënzeg a Juppe Guiden ginn et net méi, hunn déi geläscht.--Methyl (Diskussioun) 09:58, 26. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Gruppen (2)[Quelltext änneren]

Ech hunn nach eng Kéier e bëssen an der Tabell iwwer d'Gruppen geschafft. E puer Gruppen déi et net méi ginn, hunn ech geläscht. Anerer déi gefeelt hunn, hunn ech derbäigesat. Ech sinn do awer nach net ganz fäerdeg, well et eng ganz laang Lëscht ass. Ech schaffen do nach eng Kéier drun. ;) --De Benotzer (Diskussioun) 14:35, 2. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

D'Lëscht ass elo aktualiséiert! --De Benotzer (Diskussioun) 10:43, 3. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]
Tipptopp, merci! --Zinneke (Diskussioun) 12:33, 3. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Referenzen[Quelltext änneren]

D'Referenzen sinn elo zum gréissten Deel aktualiséiert. Déi meescht sinn net méi gaangen well se nach vum ale Site vun den LGS waren. Ech hu leider keng aktuell Referenz fir d'Uniform fonnt. Dat Reglement iwwer d'Uniform get et natierlech nach ëmmer, allerdéngs ass dat elo an engem interenen Beräich gespäichert wou den “Publique” keen Zougang drop huet. Mir sinn och nach aner Referenzen (net um Internet mee a Bicher) bekannt, déi awer och erëm intern sinn. Wees vläit een do weider? ;) --De Benotzer (Diskussioun) 17:55, 4. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]

Merci fir déi Aktualiséierungen. Et kann een och Bicher oder Broschüren als Referenzen uginn. --MMFE (Diskussioun) 20:23, 4. Jan. 2017 (UTC)[äntweren]