Diskussioun:Lëtzebuerger Nationalarchiven

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Am Artikel steet: Am Mäerz 2009 soll deen neie Projet virgestallt ginn.

Dat ass ewell e Strapp hier. Gouf e virgestallt, oder ass déi Virstellung an d'Wasser gefall? Wees do vläicht een eppes méi?

--Les Meloures 08:30, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]

Ech hunn e bësse gesicht, mee näischt Aktuelles fonnt (Regierungssite, Fonds Belval, ...). Ech fäerten, do gëtt alt nees heimlich still und leise e Projet - deen batter néideg ass - ënnergoe gelooss, oder op d'manst esouwäit op Päifen-Neijooschdag erausgeréckelt, bis alt nees bekannt gemaach muss ginn, datt onersetzlech al Quelle vermuuscht oder verbrannt oder verluer sinn oder soss e Schued erlidden hunn, well se iergendwous - faute de mieux - ënner onméigleche Konditiounen tëschegelagert hu misse ginn. Ech schrouf schonns eng Kéier hei op enger anerer Plaz: Nodeems ech mer eng Kéier d'Archiver vun enger Stad am Land ukucke war, weess ech, wat vun offizieller Säit (an deem Fall dem zoustännege Schäfferot) vun Archivkultur ze erwaarden ass. Ech huelen un, op Minister/Ministères-Niveau ass et net besser. --Zinneke 11:47, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Oder dach e klenge Liichtbléck? Am Rapport Annuel 2009 (publizéert am Oktober 2010) vum Kulturministère steet: "Les Archives nationales recevront leur nouvelle demeure à Belval. Le projet de loi portant sur les relations entre les archives de l’État et les services publics sera finalisé." Wéini, steet net do. --Zinneke 11:52, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, am Juni 2010 bei enger Gruppevisite an den Archiven huet d'Directrice eis gezielt, datt en Deel vun den Dokumenter ënner schlechte Bedingungen an engem Raum vum ënnerierdesche Parking niewendru stockéiert wieren. Dann och nach: de Projet vum neie Gebai op Belval wier aus Krisegrënn op d'Äis geluecht. Dat hei ass net dokumentéiert 'Héieresoen', och wann et aus beschter Quell kënnt, a geet net duer fir eppes am Artikel selwer driwwer ze schreiwen. --Cayambe 16:21, 15. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Den Artikel am Lëtzebuerger Land vum leschter Fredden (18.2.2011) vum Ben Fayot bestÄtegt leider, wat hei driwwer steet. --Zinneke 14:01, 24. Feb. 2011 (UTC)[äntweren]
Et as esou dass d'Regierung Diskussiounen iwwert en neit Gebai vun de Nationalarchiven rem ab 2014 well ophuelen. Entretemps kruuten d'ANLux 4 nei Dépôten vun insgesamt 2.400m2 zu Bartreng. Well de groussen Dépôt ennert der Post op der Gare (ca. 25km linéaire) ab 2014 muss eidel gemaach gin, wärten d'Nationalarchiven ab deem Joër nach e weideren, provisoreschen Dépot zu Bartreng kreien, en attendant dass dat neit Gebai gebaut gett. --RomainSchr 08:59, 9. Aug. 2012

Staatsarchiven oder Regierungsarchiven?[Quelltext änneren]

Moien,

Nodeem wat hei steet hätten d'Preisen eis am Krich den Numm "Staatsarchiv" ënnergebottert. Fir eis wiere se deemno ëmmer Regierungsarchive gewiescht, bis datt 1958 den däitschen Numm nees erausgekroopt a "verwelscht" gouf.

  • Archives du Gouvernement (1840-1958) / Regierungsarchiv (1840-1958)
  • Staatsarchiv Luxemburg (1940-1944)
  • Archives de l'État (1958-1988)

Saache gëtt et... --Jwh (Diskussioun) 22:13, 5. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]