Diskussioun:La Luxembourgeoise (Finanzgesellschaft)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech menge bei deene verschiddene Luxembourgeoise-Artikele gi Saachen durcheerneegehäit an ech hunn och de Verdacht datt et en Doublon gëtt. Besteet do keng Méiglechkeet fir dat ganzt ënner een Daach ze kréien sou wéi si et selwer gemaach hunn.??? Vun der IP:81.246.185.63.

Dësen Artikel muss an Compagnie Financière La Luxembourgeoise ëmbenannt ginn, dann wier de Problem geléist, mee den Les Meloures gesäit dat net an. Vun der IP:2001:7E8:C0E7:5601:F2B4:79FF:FE19:94A4

Moien, elo gëtt et zimmlech spatz. Wat gesäit de Les Meloures net an? Wou huet de Les Meloures gesot datt dat net soll gemaach ginn. Ech hätt gären eng ganz kloer Äntwert mat Linken, Datummen an Auerzäit. --Les Meloures (Diskussioun) 12:29, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Mir haten di Diskussioun, se huet op ärer Diskussiounssäit statt fonnt, dir behaapt do dass La Luxembourgeoise S.A. an Compagnie Financière La Luxembourgeoise ëmbenannt ginn ass, dann misst Dir dach och den Numm vun dësem Artikel änneren, ass et net esou?

Et géing och näischt dogéint spriechen wann dir des Säit géingt läschen, an beim Artikel La Luxembourgeoise dann erklären géingt, wat Compagnie Financière La Luxembourgeoise ass, grad wei beim Artikel Foyer, wou Foyer Finance genau erklärt gëtt, mengen dat wier am einfachsten.

Remoien,
An där Diskussioun hunn ech dach guer net gesot datt dat net sou soll sinn an och net datt den Numm net soll g'ännert ginn (wéi Dir dat hei uewendriwwer behaapt). Den Artikel wéi en elo do steet ass chronologesch net richteg, den historique gouf erausgehäit weel een den neien Numm wollt no virdrécken. Wann deen Artikel den neien Numm kritt muss e mam Historique komplett nei op gebaut ginn oder e soll ënner dem alen Numm stoe bleiwen so wéi e bis virun e puer Deeg do stoung, well bis do war all Information iwwer déi fréier Gesellschaft La Luxembourgeoise S.A. richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 13:18, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Heibäi handelt sech em d'Compagnie Financière La Luxembourgeoise, net em d'Luxembourgeoise S.A., ech bieden em eng Korrektioun vum Artikel.

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Ech sinn net berechtegt den Titel vun dësem Wikipedia Artikel ze änneren.

Da maacht en neien Artikel iwwer déi Gesellschaft wéi se soll sinn a baut dësen op säin Text zréck deen am Sënn vum Lemma korrekt war ier verschidde Leit ugefaangen hunn drun ze triwwelen. --81.246.169.205 15:07, 8. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]