Diskussioun:Labyrinth

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

misst dat hei net op Labyrinth geréckelt ginn? --2A02:A03F:A199:6C00:81B3:7683:DE90:CCB7 14:28, 28. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien,
Labberänt schéngt effektiv net de richtege Lemma ze sinn… Den LOD kennt zwar „Laberenten“ an der Méizuel am Sënn vun „a Schwieregkeete sinn“. D'Eenzuel Laberent gëtt et net.
Am „Luxemburger Wörterbuch“ fënnt ee Labränt, Lab(o)rënt an am „Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart“ steet Laberenten, allkéiers just am selwechte Sënn wéi am LOD.
Ech géif deemno och proposéieren den Artikel op Labyrinth ze réckelen. GilPe (Diskussioun) 16:08, 28. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]
Och dem Cornischong seng Referenz fir den Artikel vu Labyrinth op Labberänt ze réckelen („Eng Klack fir eis Sprooch“ : Nummeren 140 / Lex Roth, S. 124) bezitt sech just op de Sënn wéi uganks hei geschriwwen: „(…) ëmmer méi Leit (…) schreiwen (…), datt eis sprooch-spezifesch Form vum Futur um Radio an op der TV an d'Labberänte kënnt.“ GilPe (Diskussioun) 14:10, 29. Sep. 2022 (UTC)[äntweren]