Diskussioun:Le mérite et dévouement français

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Aktiv Mataarbechter sinn z. B. d'Madame la Maréchale de Lattre de Tassign": Wann d'Madame la Maréchale de Lattre um Kierfecht vu Mouilleron-en-Pareds begruewe läit , wier jo dovun auszegoen, datt d'Aktivitéite vun der Dame nogelooss hunn, oder ass mer do eppes laanscht d'Nues gaangen? --Cornischong 23:40, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

"an d'Bronze-, d'Sëlwer-, d'Vermeil-an d'Gëllekräiz": Kann et sinn, datt et nëmmen e sëlwer Kräiz, e Vermeil Kräiz an e gëlle Kräiz gëtt a keent a Bronze? --Cornischong 23:44, 20. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Franséisch Schreifweis[Quelltext änneren]

Op der Websäit steet den Numm e puer Mol esou: L’Association Le MERITE ET DEVOUEMENT FRANÇAIS

U sech heescht deemno de Veräin: Le mérite et dévouement français, also mat dem Artikel "Le" am Numm.

Dat mat de Majusculen ass schonns hei op der Wiki laang a breed debattéiert ginn, fir dem aus dem Wee ze goen stinn esou Nimm an de Gesetzestexter ganz a Majusculen, LE MERITE ET DEVOUEMENT FRANÇAIS, dann mécht een näischt falsch.

Ech proposéieren d'Säit op "Le mérite et dévouement français" ze réckelen, och wann déi heiteg franséisch Vertrieder op hirer Websäit kee korrekt Franséischt schreiwen: do steet z. B. ... vous souhaite la Bienvenue op der éischter Säit.

--Art'n'go 12:12, 22. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]