Le mérite et dévouement français

Vu Wikipedia

Le mérite et dévouement français, gekierzt MDF, ass eng franséisch politesch neutral Vereenegung, déi 1957 gegrënnt[1] gouf.

Hiren Zweck ass et déi Persounen ze belounen, déi sech a Frankräich an am Ausland an de Gebidder Konscht, Literatur, Wëssenschaften oder dem Sport zum Prestige vu Frankräich asetzen oder agesat hunn.

MDF sëtzt sech och a fir d'Kriibsfuerschung, d'Hëllef fir behënnert Mënschen, d'medezinesch Fuerschung (besonnesch an der Kardiologie, de Kampf géint d'Lepra an den AIDS), fir d'Ausbildung fir Blannenhënn, mä och z. B. fir de Vulleschutz.

Aktiv Mataarbechter sinn oder waren ë. a. d'Madame la Maréchale de Lattre de Tassigny (gebuer 1906, gestuerwen 2003), den Alain Decaux vun der Académie française, de Bernard Hinault oder d'Michèle Morgan; zu de verstuerwene Memberen zielen den Abbé Pierre, de Georges Duhamel, de Paul Mousset, de Joseph Kessel, asw.

De Veräi Le mérite et dévouement français vergëtt follgend Uerden: Bronze-, Sëlwer- a Goldmedail, Sëlwer-, Vermeil- a Gëllekräiz[2]. All Joer verdeelt si eng grouss Goldmedail fir extra Verdéngschter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Vereenegung ass ënner der Nummer 57921 an der Paräisser Préfecture agedroen, op der Basis vum Gesetz vum 1. Juli 1901.
  2. Cf. http://www.meriteetdevouement.fr/autres_distinctions.html