Diskussioun:Lycée Josy-Barthel Mamer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Niewt dem klassesche Régime Technique (7ième-13ième) bidd de Lycée virun allem Handwierk-Sektioune " Ass et net esou dat am LTJBM vun 7eme bis 9eme een Pilote-Projet ass ? Kann een et also als klassege Regime Technique bezeechnen ? (Vum Benotzer Rebell)

Also zu Mamer ass e Proci, dat heescht en Tronc commun vu 7e bis 9e, mee dat ass e Projet, deen et net just zu Mamer get, mee och nach an anere Lycéën, zum Beispill LTA oder LTB (an nach eng, déi fällt mer lo net an). (Vun der IP 85.94.251.181)

Kann een deen Numm nët ëmänneren an "Lycée technique Josy Barthel Mamer", also ouni Bindestréch? Ech kéint mech lo kolossal ieren, mee tëscht dem Virnumm an dem Familljennumm get normalerweis kee Bindestréch gemaach, wéi och an de Stroossennimm net: Rue Gaston Thorn, an net Rue Gaston-Thorn. Mee souwisou, wa lo dat neit Gesetz demnächst wäert gestëmmt ginn, geet et am Mamer Lycée bis 1ère, an da wäert den Numm och änneren, dann ass et Lycée Josy Barthel. Awer da w.e.gl. wierklech ouni Bindestréch, well Lycée Robert Schumann an all déi aner kréie jo och keen ;-) Vun der IP 85.94.251.181)

"L’établissement porte la dénomination de «Lycée technique Josy-Barthel»" steet am Artkel 2 vum Gesetz, also mat Bindestréch.
Et ass och "Lycée Robert-Schuman": "Le Lycée de jeunes filles de Luxembourg prend la dénomination de « Lycée Robert-Schuman" (Quell: Gesetz)
Hei steet méi doriwwer: Diskussioun:Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg
--Fliedermaus 16:41, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci Fliedermaus fir déi Richtegstellung. Hei mäi Pefferkär.
Der franséischer Reegel no gëtt tëschent dem Vir- an dem Familljenumm an de Nimm vun de Stroossen, de Schoulen, asw e Bindestréch gesat (cf. z.B. Grevisse 2008 Paragraf 109 S. 114).

Lycée technique Josy-Barthel ass also korrekt geschriwwen. Duerfir goufen all Schoulnimm, déi an deem Fall sinn, hei op der lëtzebuergescher Wiki mat engem Bindestréch geschriwwen. Cf. den Artikel Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg.

Et ass awer esou, datt dës Reegel oft net agehale gëtt, zu Lëtzebuerg bal ni, an am Frankräich och net ëmmer (meeschtens aus Onkenntnis).

Zu Lëtzebuerg ass mir nëmmen zwou Schoule bekannt, déi d’Reegel mam Bindestrech applizéiert: cf. d’Websäite vum Lycée Robert-Schuman a vun der École privée Marie-Consolatrice.

Iwwregens: d’Verwaltungen, d’Ministèren an d’Schoulen zu Lëtzebuerg… an esou guer och d’Uni Lëtzebuerg soignéiere ganz wéineg hir Schreifweis, besonnesch och net wat déi grouss a kleng Initialen an de Nimm ubetrëfft.

D’lëtzebuergesch Press awer applizéiert d’Reegele systematesch an de franséische Nimm.
Cf. duerzou déi rezent Diskussioun hei um Stamminet.

Mir mussen eis also entscheeden ob mir d’Bindestréch-Reegel :-) uwenden oder net. Perséinlech sinn ech derfir an zwar well:

1) mir eng eenheetlech Schreifweis brauchen; wann net fale mer an den Arbitraire (eng Kéier d’Reegel applizéiert, eng ane Kéier net…). Et kënnt ee proposéiere: komm mer kucken an de Gesetzestexter no…. mee och dat ass keng ganz grouss Hëllef… do herrscht nämlech den Arbitraire: eng Kéier esou an eng Kéier anescht, dat oft beim Numm vun engem selwechten Institut, asw.

2) eng gutt Orientatioun kann eis déi franséisch Wiki ginn: hei ginn d’Reegele vum korrekte Schreiwen, also och d’Bindestrechregel, systematesch applizéiert. An dat och wann déi betreffend Schoulen, Instituter, asw selwer dat net (z.B. op hirer Websäit) maachen. Kuckt z.B. op der fr-Wiki: Lycée Henri-Bergson Lycée Hélène-Boucher Lycée Saint-Louis-de-Gonzague Cité scolaire Jules-Ferry

3) Mir applizéiere jo och hei all d’Reegele vun der lëtzebuergescher Schreifweis. Duerfir nëmmen zwee Beispiller:
a) dee butzegen ‘n’ aus der Eifeler-Reegel; hei gëtt systematesch Juegd op dee gemaach :-) ….an dat obschonn déi meeschte Lëtzebuerger d’Reegel net uwenden.

b) d’Nimm vun den Uertschaften. Z.B.: mir schreiwe Wolz, well déi offiziell Schreifweis et esou virgesäit, an net Woltz, ewéi déi meeschte Wolzer et gären hätten… an och op hire Schëlter esou schreiwen.
Beschte Gréiss Cayambe 17:09, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Projet de loi n° 5909 steet effektiv: "L’article 2 de cette même loi est complété par un second alinéa: „A partir de l’année scolaire 2009-2010, l’établissement porte la dénomination de Lycée Josy Barthel.“". Wann den Text bis esou a Kraaft getrueden ass, kann een den Numm vun der Schoul änneren, awer net éischter.
Datt do kee Bindestréch méi steet, kéint domatt ze dinn hunn datt den Numm "Lycée Josy Barthel" am Projet de loi op lëtzebuergesch ass, an den aktuellen Numm "Lycée technique Josy-Barthel" op franséisch.
--Fliedermaus 17:17, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat ass e 'wonnerschéint' Beispill vum Arbitraire an der Schreifweis :-) --Cayambe 17:24, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Nach e bësselche Gemeenungs[Quelltext änneren]

Moien,

Losse mer emol nach d'Saach vum wëllen esou heeschen an d'A faassen, wat jo mat der perséinlecher Fräiheet ze dinn huet.

Wann ech Jean-Pierre Débické heeschen an deen Numm gefällt mer selwer net, an ech froen de Legislateur fir mäin Numm a Jean Pierre Debique z'änneren, an dobäi am Jean Pierre de Bindestréch ewech ze loossen dann ass dat mäi legalen Numm, an e muss iwwerall esou geschriwwe ginn, soss sinn ech net dermatter gemengt.

Ee flott Beispill ass och nach den heite Veräin, dee sech am Memorial extra den Numm festhale léisst an e selwer net esou applizéiert.

Et ass de Lëtzebuergesche Bibliothekären-, Archivisten- an Dokumentalisteveräin de sech op senger Websäit Lëtzebuerger Bbliothekär- a.sw. nennt ouni d'Méizuel wéi am franséischen ze respektéieren, si schreiwe sech och am Franséische mat klenge Buschtawen an zwar vun Ufank bis un d'Enn 'association a.s.w.. Dobäi hunn se am Memorial extra festhale geloss wéi se wëllen heeschen an zwar:

Art. 1er. L’association prend la dénomination ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE DES BIBLIOTHECAIRES, ARCHIVISTES & DOCUMENTALISTES, association sans but lucratif, en abrégé ALBAD, A.s.b.l. Kann een do nach vu Schreiffeeler schwätzen.

Dofir nach eng Kéier meng Fro an deem Zesummehank:

Ass en Numm wéi en Memorial steet den offizellen Numm, oder net. Wéi et es schéngt schonn. E gouf schliislech duerch e Gesetz festgehalen.

Et ass och esou datt wann an engem Gesetz e Feeler steet, dee mus verbessert ginn, well et soss virun engem Geriicht doduercher zu Problemer kéim, da gëtt dee relativ séier duerch eng offiziell Rectificatioun déi och am Mémorial publizéiert gëtt, verbessert.

Et gëtt eebe Saachen déi de Legislateur festgehalen huet, well déi esou solle sinn, dommerweis gouf dat mat de lëtzebuergeschen Uertschaftsnimm bis elo nach net gemaach.

An der franséischer Wiki si se elo amgaange lues a lues e Koup vun Nimm ëmz'änneren well se och erausfonnt hunn dat bei den Uertschaften de 'La oder Le an den am Ufank vum Numm storen hunn déi Buschtawen a Wierder integralen Deel vum Numm sinn wéi e vum Legislateur festgehale gouf an dofir musse grouss geschriwwe ginn.

Fir mäin Deel ass den Numm wéi en am Memorial festgehale gouf de legalen Numm, ob richteg franséisch oder falsch franséisch geschriwwen.

D'Fro ass dofir: Hale mer ons op der Wiki just un eng richteg Schreifweis, oder hale mer ons och un d'Legalitéit?

Les Meloures 20:23, 9. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

" mir schreiwe Wolz, well déi offiziell Schreifweis et esou virgesäit, an net Woltz, ewéi déi meeschte Wolzer et gären hätten… an och op hire Schëlter esou schreiwen.": Dat gefoul mer. Mir schreiwen also "Wolz", well et eng offiziell Schreifweis fir lëtzebuergesch Uertschaftsnimm gëtt, an där steet datt den Numm vun der Stad Wolz "Wolz" ass. Këddel mech, da laachen ech. Fir déi, déi dat nach net wëssen: Mir hunn iwwerhaapt keng offiziell Schreifweis fir Uertschaftsnimm! Da liesen ech, datt hei ee behaapt, "déi meeschte Wolzer" hätte gär, datt den Numm vun hirer Stad "Woltz" geschriwwe gëtt. Gëtt et do Ëmfroen? Oder suckelt ee sech dat mol "infach esou" aus de Féngercher? Hunn déi vun "Holz" och schonns eng Ëmfro gemaach? Oder bleiwen déi léiwer bei "Holz"? An déi vun Holzem? A wat hätten déi vun Holztem gär? Da liesen ech weider, datt déi Wolzer dat och op hire Schëlter esou schreiwen. Ech huelen un, datt et ëm Uertschaftsschëlter geet, an ech wonnere mech, firwat mir hei net "Stesel" oder "Stésel" fir de Steeseler hir Uertchaft schreiwen, well déi dat "op hire Schëlter esou schreiwen". A wat solle mer iwwer déi meeschte Leit vu Mëlleref denken, déi op "hire Schëlter" "Mëllerëf" schreiwen? Ännere mer dat direkt, oder maache mer hei nach eng Géigenëmfro? Hätten déi meeschten Iermsdrefer gär "Iermsdrëf", wéi se dat "och op hire Schëlter esou schreiwen"? Oder hätten d'ponts et chaussées" dat gär esou, well et sinn déi, déi d'Schëlter maachen?
An elo, léif Diskussiounssäitenopfëller, déite mer besser drun, eppes fir d'Wikipedia ze maachen; déi lieft net vum Gebraddels, mee vun hiren Artikelen.
Et sief awer nach un dem Les Meloures seng Fro erënnert: "Ass en Numm wéi en am Memorial steet den offizellen Numm, oder net?" Mat Gebraddels a waarmer Loft ass déi Fro net beäntwert. --Cornischong 09:49, 10. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Willibrord[Quelltext änneren]

Ganz intressant, wat der do schreift, dat wosst ech net. Mee inkonsequent (vum Gesetzgeber) ass et trotzdem, wann ee bei de Stroossennimm (déi jo och franséisch sinn), kee Bindestréch mecht (Rue Gaston Thorn) a beim Lycée schonn, oder?!

Onkonsequent ass dat schonn... oft gëtt de Bindestréch awer op Stroosseschëlter gesat, z.B. rue du Marché-aux-Herbes (esou gelies).

Nimm an de Gesetzestexter an hir Schreifweis: zwou verschidde Saachen[Quelltext änneren]

Hei d'Äntwert op dem Les Meloures seng Fro:

Den Numm vun enger Schoul, engem Institut, asw gëtt duerch e Gesetz festgeluecht.
D’Schreifweis vum Numm (vun den noms propres am Allgemengen) gëtt duerch d’Schreifregele festgeluecht.

D'Schreifweis vun den noms propres ass also net ofhängeg vun där vum Gesetzestext.
Iwwerall wou korrekt geschriwwe gëtt, gëtt no deem Prinzip verfuer (cf. d'Press am Frankräich an och zu Lëtzebuerg; déi franséischer Wiki… cf. och d'Diskussioun an d'Ofstëmmen hei um Stamminet).

Iwwregens: an deene leschte Joeren applizéiert de Gesetzgeber zu Lëtzebuerg ëmmer méi heefeg déi franséisch Schreifreegelen. Cf. z.B. Chambre des salariés, Lycée technique Josy-Barthel Mamer, asw. Dat awer nach ëmmer zimmlech onkonsequent, d.h. eng Kéier esou an eng Kéier anescht.

Duerch d’Redirekten ass et fir Wiki-Benotzer méiglech, all Schoul, Institut asw, och mat enger Schreifvariant ze fannen.--Cayambe 17:46, 11. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Nach eppes: muss een sech op der Wiki Gemengheeten a Beleidegunge wéi an dem Brach heidriwwer wierklech gefale loossen? --Cayambe 17:46, 11. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Dat freet just deen, deen hei droleg Behaaptungen an d'Welt setzt wéi "mir schreiwe Wolz, well déi offiziell Schreifweis et esou virgesäit, an net Woltz, ewéi déi meeschte Wolzer et gären hätten". Ass et esou komplizéiert, ze begräifen, datt et hei am Land keng "offiziell" Schreifweis vun den Uertschaftsnimm gëtt? Wat soll e Mënsch, dee selwer denke kann iwwer Sätz tierme wéi "an net Woltz, ewéi déi meeschte Wolzer et gären hätten". Dat beleidegt och, an zwar d'Logik. An dat musse sech d'Lieser vun der Wikipedia hei gefale loossen! --Cornischong 17:59, 11. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

nach eppes[Quelltext änneren]

Den "Artikel" vun der Schoul huet 126 Wierder. Op dëser Säit stinn der bis elo 1.671. --Cornischong 18:40, 11. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Logik vs Gewunnecht vs Gewurschtels[Quelltext änneren]

Déi praktikabelst Léisung ass a mengen Aen, d'~Lemma (Numm vum Artikel) orthographesch "richteg" ze schreiwen, dh mat Bindestréch. Dat erlaabt, ouni laangt Gesichts oder Geréits, en Artikel erëmzefannen oder ze verlinken.

Am Artikel selwer kann dann, fettgedréckt, den Numm esou geschriwwe ginn, wéi en am Mémorial oder op der Houmpéitsch vun deem Veräin/Gebai/asw. opdaucht, menger wärreg mat Hiweis op déi verschidde Schreifweisen, mat Ergänzunge wéi Asbl, asw.

--Zinneke 16:01, 12. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Dëst ass eng verstänneg Propos, déi ech ënnerstëtzen. --Cayambe 16:27, 12. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien.

Ech schléisse mech do un, a proposéiere just den Numm aus dem Mémorial mat dranzesetzen, an d'Houmpéitschen op der Säit ze lossen.

Les Meloures 17:08, 12. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Wéi kann een d'Iwerschrëft vun engem Artikel änneren? Dee Lycée huet jo säit e puer Joer den "technique" aus sengem Numm gestrach. --Willibrord 21:45, 9. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Sou, lo ass dat hei mol um neitste Stand. -- Willibrord 22:06, 9. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]


als éischte Lycée am Weste vu Lëtzebuerg seng Dieren zu Mamer opgemaach.
Soll dat alt stëmmen ? --Les Meloures 09:06, 11. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Wat ass doru falsch? Clairefontaine läit jo schliesslech an der Belsch. -- Willibrord
Gouf Péiteng dann an der Tëschenzäit an den Oste gereckelt? --Les Meloures 10:19, 13. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Vëlossportler??[Quelltext änneren]

bekannte Lëtzebuerger Vëlos-Sportler a Politiker Soll dat alt stëmmen??? --87.66.210.235 18:14, 7. Mee 2014 (UTC)[äntweren]