Diskussioun:Mäerzeg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel gouf am Kader vum Seminaire "Lokalgeschicht" op der Uni Lëtzebuerg ugeluecht, respektiv ausgebaut.
Méi Informatiounen dozou op der Säit Wikipedia:Lokalgeschicht.

Moien,

eng Speyermillen an eng Weismillen

Huet een eng Iddi wat domat gemengt ka sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 11:17, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Kéint et sinn datt d'Speyermillen an d'Weismillen hire respektiven Numm vun de Familljennimm Speyer a Weis kruten?--Fliedermaus (Diskussioun) 14:12, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Tjo, dat kéint allerdéngs sinn. An deem Fall wier just de Saz schlecht formuléiert. Mol kucken, e ka vläicht een deen dem Erpelding säi Buch huet an deem Sënn weiderhëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:19, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]
Den E. Erpelding beschreift a sengem Buch nëmmen 2 Millen: d'Niddermäerzeger- an d'Uewermäerzeger Millen. D'Nimm Speyermillen, Weismillen, Uelegmillen a Seemillen sinn alles Bezeechnunge vun der Niddermäerzeger Millen. Speyer a Weis ware Nimm vun fréiere Proprietären. D'Mille stung do wou haut d'Gemengenhaus steet. --Pecalux (Diskussioun) 16:05, 27. Mäe. 2012 (UTC)[äntweren]

Wéi déi aner[Quelltext änneren]

Kéint een Admin wgl. dës Viruleedung läschen, an den Artikel Gemeng Mäerzeg heihi réckelen ? —83.99.66.253

Firwat soll dat gutt sinn? net ënnerschriwwenen Message vun der IP 87.65.83.203.
Fir eng gewëssen Eenheet op der lb.wiki ze hunn : wéi bei den anere Gemengen, déi aus enger eenzeger Uertschaft bestinn. Cf. d'Viruleedungen Gemeng Schëffleng a Gemeng Stroossen, fir jhust zwéi Beispiller ze nennen. —83.99.66.253
Nawell jo. Gëtt gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:45, 13. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]