Diskussioun:Minièren zu Ëtteng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Eng aner Streck huet d'Grouf iwwer d'Gare vu Boulange mat Réhon verbonnen.

Schlecht méiglech, well Réhon läit net op der selwechter Streck wéi Boulange. --Les Meloures (Diskussioun) 17:13, 10. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

D'Ëttenger Gemeng schreift op hirer Säit "Une voie ferrée reliait la mine à la gare de Boulange à destination de Réhon". Keng Anung op si sech ieren. --Otets 18:14, 10. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Boulange läit op der Streck Fontoy-Aumetz. Deejéinegen deen dat op der Säit vun der Gemeng geschriwwen huet hat warscheinlech net vill Ahnung vum Schinnennetz. Ech kucken emol fir erauszefanne wat d'Schmelz vu Réhon mat der Ëttenger Minière ze dinn hat. --Les Meloures (Diskussioun) 18:26, 10. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Esouguer vum Rëmelenger Hutbierg aus ass spéider iwwer en Tunnel am Laangegronn d'Eisenäerz heihinner bei d'Seelebunn bruecht ginn.
Dat schengt eng droleg Saach ze sinn. Wou soll deen Tunnel da gewiescht sinn. Oder war et et eng Verbindungsgalerie vun de Minièren? Ass do vläicht eppes falsch verstane ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 19:53, 10. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Neen, dat ass eng einfach Saach. Den Hutbierg gouf fréier iwwer Galerien exploitéiert, a fir alles op Déifferdeng ze kréie si se do derduerch gefuer a se hunn eng nei Sortie an de Laangegronn gemaach, sou datt just nach d'Tunnelfunktioun iwwreg war. Du goung et iwwer eng Bréck an d'Konzessioun Laangegronn, déi jo direkt mat Ëtteng III verbonnen ass. Vläit koum de Problem mam Versteestemech dohier datt ech Quartier Laangegronn a Konzessioun Laangegronn e bëssen zevill zesummeresuméiert hunn. Ech änneren dat emol, kuck op et dann elo mi kloer ass? --Otets 17:44, 11. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Et fënnt een um Terrain awer kee Lach méi vun där Gallerie méngen ech, oder dach? --Les Meloures (Diskussioun) 21:22, 11. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Um Hutbierg gesäit een hautdesdaags näischt méi dervun, d'Lach gouf zougegoss an et si bis uewen hi Steng a Buedem virdru getippt ginn. Am Laangegronn ass den Tunnelagank nach ze gesinn, mee bannenan ass et natierlech zou. D'Konzessioun Laangegronn ass do wou haut de Musée mam Zichelchen erafiert. Ech misst eng Kéier en Artikel iwwer de Laangegronn schreiwen, awer ech sinn net esou sécher op ech genuch Infosmaterial zesummekréich. --Otets 09:22, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Heescht dat datt d'Minière Walert zur Konzessioun Laangegrond gehéiert huet? --Les Meloures (Diskussioun) 10:42, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]
Neen, mee si waren awer aus Sécherheetsgrënn a wéinst der Bewiederung matenee verbonnen. --Otets 11:43, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]