Diskussioun:Monument aux morts Nidderkäerjeng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech si gëschter duerch d'Rue de la Résistance gefuer an hunn dat Monument néierens endtdeckt. Si keng Koordinaten dervu bekannt, oder wou et soll stoen. Et kann allerdéngs duerch e Schantje bei der Kierch verstoppt sinn. --Les Meloures 09:35, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Dann ass et dir gaange wéi mir: Ech sinn e puer Mol duerch d'Rue de la Résistance gefuer an dunn esouguer zu Fouss derduerch gaangen. Ech hunn och näischt fonnt. Mee ech bleiwen um Ball. --Pecalux 09:58, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]
Da sinn ech frou, ech hat scho gemengt ech wier e blannt Hinkel. Dat anert Monument d.h. d'Erënnerungsplack hunn ech fonnt, an hunn och e Bild dervunner. --Les Meloures 10:24, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Sorry wann ech Iech an d'Ier gefouert hunn; meng Info ass wuertwiertlech vun deem Depliant, deen ech als Quell uginn hunn... --Zinneke 10:42, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Et ka ganz gutt sinn datt vis-à-vis vun der Kierch stoung, d.h. op der Plaz vun der aler Kierch. Mä déi Plaz ass fir den Ament amgaangen ëmg'ännert ze ginn. Vläicht daucht et no den Aarbechten erëm op. --Les Meloures 10:50, 6. Abr. 2011 (UTC)[äntweren]


Moien,
D'Aarbechte sinn ofgeschloss an d'Monument ass nees do. -- Les Meloures (Diskussioun) 09:08, 1. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]