Diskussioun:NGC 770

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

den R. J. Mitchell huet de Spitfire entwéckelt an et ass net bekannt datt en Astronom war an och net datt et eng Fra war. --Les Meloures (Diskussioun) 08:41, 20. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Dat mam weibleche Geschlecht war en Iwwersetzungsfeeler aus der pl.wiki. Wat den Astronom ugeet, am Artikel steet suguer d'Quell. Et handelt sech awer sécher ëm en anere Mitchell.
http://cseligman.com/text/atlas/discoverers.htm#mitchell
Ganz vill Objeten déi anscheinend vum Parsons entdeckt goufen, goufen a Wierklechkeet vum Assistent Mitchell entdeckt, dixit Johann Louis Emil Dreyer. --213.194.42.106 08:50, 20. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

(D'Quell steet dach do!? Et ass fréih moies, do däerf een heiansdo bëssche blann sinn. R.J. Mitchell entlinkt.)

Wann eng Referenz hanner dem Parsons steet, muss een net onbedingt dervun ausgoen datt se sech op de Mitchell bezitt. Mä egal wéi ech hat déi och iwwersinn soss hätt ech drop geklickt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:30, 20. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]