Diskussioun:Nicolas Wies

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wann ech och agesinn, datt sou Datumme sënnvoll sinn, zerbriechen ech mer perséinlech net gär de Kapp wat dermat gemengt ass. Ech hunn der schonns en etlech erausgeplënnert, well déi eng op Gebuerts- a Stierfdatummen hiweisen an déi aner op Amtsperioden. Ech hunn och bis elo nach keng Enzyklopedie entdeckt, wou dat esou gehandhabt gëtt. Do steet och normalerweis nëmmen den Hiweis op den Numm. Et kann awer och sinn, datt ech net genuch, oder net déi richteg Enzyklopedien hunn a loosse mech da gär beléieren.

Les Meloures 15:13, 22. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Ech hu kee Problem mat denger Approche, déi prinzipiell richteg ass; hu just un dee geduecht, deen den Artikel "Wies" ausdréckt an den Artikel "Dehesselle" net. (Datt iwwerhaapt Datumme do stinn, ass doduerch bedéngt, datt den Artikel "Dehesselle" nach net existéiert huet, wéi ech den Artikel "Wies" redigéiert hunn.
--Jamcelsus 08:12, 23. Mee 2010 (UTC)[äntweren]