Nicolas Wies

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nicolas Wies (1817-1879)

De Nicolas Wies, den 3. Oktober 1817 zu Allënster gebuer an de 14. Januar 1879 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer, Geolog an Auteur.

De Geeschtlechen[änneren | Quelltext änneren]

De Nicolas Wies, deem säi Papp e klengen Duerfschräiner a Woner war, huet no der Primärschoul am klenge Seminär vu Baaschtnech[1] an duerno am grousse Seminär vun Namur studéiert. Den 19. August 1841 [2] huet de Bëschof vun Namur, den Nicolas-Joseph Dehesselle hien zum Priister geweit. Kuerz duerno ass de Wies Kaploun zu Sankt-Péiter, der spéiderer Kathedral, ginn.[3]

Am Mee 1843 [4] ass de Wies Reliounsprofesser an Aumonier am Athenäum genannt ginn; de 26. Abrëll 1869 gouf hie "professeur de 1ère classe".[5]

Den 19. Mäerz 1871 gouf de Wies Member vun dem Doumkapitel, wou hien d'Funktioun vum "chanoine-pénitencier" hat.

De Nicolas Wies huet an der Stad Lëtzebuerg eng ganz Rei vu chrëschtlechen a karitativen Organisatiounen an d'Liewe geruff:

  • d'Sonndesschoul fir Handwierker, déi de 16. Juli 1843 gegrënnt gouf [6] an aus där de "Verein der Arbeiterklasse" ervirgoung;[7]
  • den "Damenwohltätigkeitsverein", an deem sech Dammen aus der besserer Gesellschaft zesummefont hunn, fir deenen Aarmen ze hëllefen;[8]
  • d'Marianesch Sodalitéit fir d'Handwierker, den 2. Juli 1845. Hei huet de Wies un déi fréier Sodalitéit, déi d'Jesuiten am Joer 1610 zu Lëtzebuerg gegrënnt haten an déi bis 1773 funktionéiert huet, ugeknäppt. Den 8. Dezember 1861 huet sech dunn heivun eng Studentesodalitéit (fir d'Schüler vum Athenäum) ofgetrennt.[6]
  • de "Verein der hl. Zita für christliche Dienstmägde", den 28. Mäerz 1872, zesumme mat den zwou Dammen Anna Bové a Luzia Margareta Niederprüm, déi dräi Deeg virdrun, de 25. Mäerz, schonn e klengt Haus an der Beckstrooss fir de Veräi gelount haten.[9] Aus dem "Zitaveräin" ass 1875 d'Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren ervirgaangen; d'Anna Bové war vun elo un d'Schwëster bzw. d'Mutter Paula an d'Luzia (Louise) Niederprüm d'Schwester Josefa (Josepha).[10] Den urspréngleche Veräin (Zithaveräin) huet nieft der Kongregatioun weider funktionéiert.

E Veräin, deen de Wies zwar net gegrënnt, mä an de leschte Jore vu sengem Liewe geleet huet, war de chrëschtleche Mammeveräin ("Christlicher Mütterverein").[11]

De Geolog[änneren | Quelltext änneren]

Populäre Geologie (1876)

Wéi 1850 d'Société des sciences naturelles gegrënnt gouf, war den Nicolas Wies dobäi. Säi Spezialgebitt war d'Geologie. Seng éischt geologesch Publikatioun ass 1855 am Bulletin vun der Société des sciences naturelles erschéngen a behandelt de Liaskallek am Grand-Duché. D'Haaptwierk vum Wies war awer d'geologesch Kaart vu Lëtzebuerg, un där hie vun 1855 un, fir d'éischt zesumme mat dem Alexandre Moris (bis 1861) an duerno mam Kondukter Pierre Mathias Siegen geschafft huet. 1869 waren d'Aarbechte praktesch ofgeschloss, et sollt awer bis den 19. November 1874 dauere bis de Wies an enger Sitzung vun dem Institut grand-ducal déi fäerdeg Kaart deposéiere konnt.[12] Si ass dunn 1877 endlech erauskomm, zesumme mat engem "Guide de la carte géologique du Grand-Duché de Luxembourg", deen et och op Däitsch gouf. Dës éischt geologesch Kaart vum Land war praktesch dem Wies seng Aarbecht eleng, dem Siegen seng Roll huet sech virun allem op déi méi technesch Aspekter vun der Exekutioun vun der Kaart limitéiert.[13] D'Kaart war och net perfekt, besonnesch déi komplex Geologie vum Éislek war net richteg interpretéiert ginn.[14]

Als offiziell Unerkennung krut de Wies als Coauteur vun der geologescher Kaart am Februar 1878 den Officier am Ordre de la couronne de chêne; de Siegen krut de Chevalier.[15]

Mat dem Buch "Populäre Geologie", dat de Wies 1876 erausginn huet, ass hien an eng béis Polemik geroden. Et gouf him virgeworf, mat senger Duerstellung vun der Entwécklung vum organesche Liewen dem Moses seng Genesis a Fro ze stellen an dem Charles Darwin senger Iddien ze hunn. Dobäi hat de Wies a sengem Wierk sech ausdrécklech vum Darwin senger Hypothes distanzéiert! De Wies gouf schlussendlech forcéiert, déi dräi lescht Paragraphe vu sengem Buch ze widderruffen an neizeschreiwen.[16]

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

De Wies war vun 1853 och Membre effectif vun der Société archéologique bzw. vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.[17] Hien hat 1850 an dem Programm vum Athenäum en Artikel iwwer d'Ur-Awunner vum Lëtzebuerger Land an hir Relioun publizéiert. Hien huet och un enger Kaart vun de réimesche Stroossen zu Lëtzebuerg geschafft, déi 1878 sou wäit fäerdeg war,[18] awer ni publizéiert gouf.

De Redakter vum Wort[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Wies huet sech, nieft sengem Beruff, awer net nëmme mat karitative Wierker a wëssenschaftlechen Aarbechten ofginn, hien huet am Hannergrond och an der Politik vum Land matgemëscht, an zwar als ee vun den éischte Redaktere vum Luxemburger Wort, dat 1848 gegrënnt ginn ass.[19]

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Eng Deel-Lëscht vun dem Wies senge Publikatiounen ass beim Donckel (1967) ze fannen. Eng komplett Bibliographie gëtt de Martin Blum.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

  • Biblische Geschichte des Alten und Neuen Testamentes, zunächst für die unteren Klassen der Gymnasien. Luxemburg, Rehm, 1851. - 2 . Aufl. Luxemburg, Bück, 1854. - 5. Aufl. ibid. 1870. - 6. Aufl. ibid, 1878.
  • Katholisches Gebet- und Gesangbuch für die marianischen Sodalitäten. Luxemburg, Brück, 1853. - 2. Aufl. ibid. 1872.
  • Die katholische Religion in ihrer Glaubens- und Sittenlehre, zunächst für die oberen Klassen der Gymnasien. Bd. 1-3. Luxemburg, Bück, 1855-1862. 2. Aufl. ibid. 1869-1870.
  • Unterricht über das heilige Sakrament der Firmung. Luxemburg, Brück, 1866, 35 S. - 2. Aufl. Ibid. 187l, 31 S. - 3. Aufl. Ibid. 1875, 31 S.
  • Festrede zu Ehren des hl. Alphonsus von Liguori, wegen seiner Erhebung zur Würde eines Kirchenlehrers. Luxemburg, Bück, 1871.
  • Der geheiligte Tag des Christen. Luxemburg, Brück, 1873.
  • Blüthen der wahren Gottseligkeit. Luxemburg, Brück, 1876.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

  • Einige Bemerkungen über den unteren Liaskalk. In: Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, III, Luxembourg, 1855, S. 200-204.
  • Observation sur le tremblement de terre des 25 et 26 juillet 1855. In: Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, III, Luxembourg 1855, 215-216.
  • Notice sur l'ancien lac de Donven. In: Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, VIII, 1865, p. 149-153.
  • Notice sur les terrains paléozoïques du Grand-Duche de Luxembourg. In: Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, IX, Luxembourg, 1867, p. 1-20.
  • Mittheilungen über die Diluvialformation im Großherzogthum Luxemburg. Ein populärer Vortrag. Luxemburg, Bück, 1870, 16 S.
  • Populäre Geologie. Mit zahlreichen in den Text eingedrückten Holzstichen. Luxemburg, Brück, 1878, 308 S.
  • Carte géologique du Grand-Duché de Luxembourg. Par N. Wies et P. N. Siegen. Échelle 1 : 40.000. Paris 1877. 9 Feuilles.
  • Wegweiser zur geologischen Karte des Großherzogthums Luxemburg. Luxemburg, Brück, 1877, 95 S.
  • Guide de la carte géologique du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg, Brück, 1877, 96 S.

Kleng wëssenschaftlech Aufsätz[änneren | Quelltext änneren]

  • Die naturhistorische Gesellschaft im Grossherzogtum Luxemburg. Luxemburger Wort 1854, Nr. 100 (25. Aug.): 2.
  • Der Höhenrauch vom 30. und 31. März 1854. In: Bulletin de la Société des Sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg, II. Luxembourg, 1854, S. 89-91.
  • Die Publikationen der naturwissenschaftlichen Gesellschaft zu Luxemburg von 1855-1856. Luxemburger Wort 1857, Nr. 152 (25. Dez.): 3.

Geschichtlech Themen[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Urbewohner des Luxemburger Landes und ihre Religion. In: Programm des Athenäums in Luxemburg am Schluß des Schuljahres 1849 - 1850. Luxemburg 1850.
  • Die Kapelle von Altlinster: In: Organ des Vereins für christliche Kunst in dem Apostolischen Vikariat Luxemburg. Luxemburg 1867. S. 46-61.
  • Archäologische Briefe. Luxemburger Wort 28, 1875, Nr. 71-111.

Noriff[änneren | Quelltext änneren]

  • Leichenrede auf Herrn Johann Peter Michaelis, Direktor des Athenäums, gehalten in der Liebfrauenkirche zu Luxemburg, am 5. Dezember 1867. Luxemburg, Brück, 1867, 28 S.
  • Nachruf auf Athenäums-Direktor Michel-Nikolaus Müller. Luxemburger Wort vom 31.8.1876 (29. Jg., 1876, Nr. 204, S. 1).
  • Rede, gehalten im Hofe des Athenäums am 30. August 1876, am Sarge des zu Bettemburg verstorbenen ehemaligen Athenäums-Direktor Michel Nicolas Müller. Luxemburger Sonntagsblatt 1876, Jg. 7, Nr. 37: 293-294.

Varia[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Fortbildungsschule für Handwerker. Ein Hilfsbuch über die dem Handwerker notwendigen Kenntnisse im Geschäftsleben nebst einer kurzen Geschichte der Religion. Luxemburg, Bück, 1868. - Ibid. 1873. - Ibid. 1875. - Ibid. 1878. - Ibid. 1879. - Ibid. 1883.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 S. (Nicolas Wies, S. 587-590).
  • Breisdorff, N. et al., 1879. Zum frommen Andenken an den hochwürdigen Herrn Nikolaus Wies. Luxemburg, 16 p.
  • Donckel, E., 1967. Die Tertiarkarmeliterinnen in Junglinster. Luxemburg, 68 S. (S. 7-13: Der regulierte III. Orden U.L.F. vom Berge Karmel in Luxemburg; S. 14-18: Nikolaus Wies, Stifter der St. Zitaschwestern).
  • Grosber, J.J., 1997. 125 Jahre Werden, Wachsen und Wirken der “Zitaschwestern”. Luxemburger Wort 1997 (25. März), S. 7.
  • Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Luxembourg, VIII, 79 S. (Wies, S. 76).
  • Massard, J.A., 1989. La vie scientifique. In: M. Gerges (éd.): Mémorial 1989: la Société luxembourgeoise de 1839 à 1989. Luxembourg, Les Publications Mosellanes: 408-440.
  • Massard, J. A., 2009. Wie Moses und Darwin einem luxemburgischen Priester zum Verhängnis wurden: Nicolas Wies und seine "Populäre Geologie" im Kreuzfeuer der Kritik. Ein Beitrag zum Darwin-Jahr 2009. Lëtzebuerger Journal 2009, Nr. 227 (24. Nov.): 20-21.[5]
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2009. Luxemburg und der Darwinismus, ein historischer Rückblick. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 110: 7-41.[6]
  • Müllendorf, C., 1879. Leichenrede auf Can. Nikolaus Wies, Professor am Athenäum, in dem vom Athenäum veranstalteten Todtenamt, am 23. Januar 1879. Luxemburg, 16 S.
  • Ney, Myriam: Paula Bové (1829-1886), eine Frau mit sozialreformatorischem Engagement und sozialem Weitblick. In: Kompress, Zeitung vum ZithaGrupp, Nr. 9, April 2007, S. 3; Nr. 10, Juli 2007, S. 3; Nr. 11, Dezember 2007, S. 3.[7]
  • Schoetter, J., 1880. Notices nécrologiques sur Jean Ulveling et Nicolas Wies, membres effectifs de la Section historique de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg. Publs Sect. hist. Instit. g.-d. Luxemb., 34(12): V-VII.
  • Sivering, J., 1879. Notice nécrologique sur M. l'abbé Wies. Publs Sect. Sci. Instit. g.-d. Luxemb., 17: XLIII-XLVI.
  • Spoden, G., 1972. Nicolas Wies (1817-1879), Stifter der Kongregation der Tertiar-Karmeliterinnen – St.-Zitaschwestern in Luxemburg. Luxemburg, 18 S. (Sonderdr. d. "Luxemburger Wort" v. 15. Januar 1972).
  • Schneiders, B., 2006. Nicolas Wies, Gründer des Zithavereins. In: Kompress Nr. 6, April 2006, S. 3.[8]
  • Schneiders, B., 2006. Prof. Nicolas Wies: Seine seelsorglichen, sozialen und wissenschaftlichen Tätigkeiten. In: Kompress Nr. 7, Juli 2006, S 3.[9]
  • Schneiders, B., 2006. Prof. Nicolas Wies. In: Kompress Nr. 8, Dezember 2006, S. 3.[10]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Donckel 1967 an de Spoden 1972 schreiwen, de Wies hätt och nach zu Floreffe studéiert; déi eeler Auteuren (Breisdorff 1879, Müllendorff 1879, Sivering 1879, Schoetter 1880) ginn nëmme Baaschtnech un.
  2. De F. Heuertz 1922 gëtt den 29. August 1841 un.
  3. Laut Schoetter 1880 an Donckel 1967, S. 14, ass d'Nominatioun vum 31. August 1841; den Heuertz 1922 an de Spoden 1972 ginn den 3. September 1841 un.
  4. De 5. Mee 1843 laut Spoden 1972; de 6. Mee 1843 laut Schoetter 1880 an Heuertz 1922.
  5. Heuertz 1922.
  6. 6,0 6,1 M. Faltz: Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg. 3. vermehrte Aufl. St. Paulus-Druckerei, Luxemburg 1948, S. 248ff.
  7. Donckel 1967, S. 16.
  8. Laut Spoden 1972, S. 15, war d'Grënnung am Joer 1844; beim Donckel 1967, S. 16, steet: 1843.
  9. Schneiders 2006, Kompress Nr. 8; Ney 2007, Kompress Nr. 9. — Den Donckel 1967, de Spoden 1972, S. 16, an de Grosber 1997 ginn de 25. Mäerz als Grënnungsdatum vum Veräin un.
  10. Grosber 1997.
    Myriam Ney: Paula Bové (1829-1886), eine Frau mit sozialreformatorischem Engagement und sozialem Weitblick. In: Kompress, Nr. 9, April 2007, S. 3; Nr. 10, Juli 2007, S. 3.[1]
    Myriam Ney: Josefa Niederprüm (1843-1894), eine treue Wegbegleiterin und Mitbegründerin der Zithaschwestern. In: Kompress, Nr. 12, April 2008, S. 3-4; Nr. 13, Juli 2008, S. 3-4.[2]
  11. Spoden 1972, S. 16.
  12. Sivering 1879, S. XLV.
  13. Michel Lucius: Geschichte der geologischen Erforschung Luxemburgs. In: Beiträge zur Geologie von Luxemburg. Publications du Service géologique de Luxembourg, Band 2, zweite, umgearbeitete Auflage, Luxembourg 1955, S. 104ff.
  14. J.A. Massard: Les origines de la Section des Sciences de l'Institut grand-ducal. In: Institut grand-ducal, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 1850-2000: Les sciences à l'aube du 21e siècle. Cycle de conférences du 12 octobre au 21 décembre 2000 au Centre Universitaire de Luxembourg. Luxembourg 2000, S. 15.[3]
  15. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1878, S. 105 an 106 (arrêtés du 17 février 1878). [4]
  16. Massard 2009; Massard & Geimer 2009
  17. Schoetter 1880.
  18. Schoetter 1880
  19. Spoden 1972, S. 14.