Nicolas-Joseph Dehesselle

Vu Wikipedia
Nicolas-Joseph Dehesselle
Gebuer 4. Juli 1789
Charneux
Gestuerwen 15. August 1865
Namouer
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Den Nicolas-Joseph Dehesselle, gebuer de 4. Juli 1789 zu Charneux a gestuerwen zu Namouer de 15. August 1865 war e belsche Bëschof.

Vum 1. Februar 1836 bis zu sengem Doud war hie Bëschof vun Namouer, an domat och zäitweis vu Lëtzebuerg, dat vum 8. August 1823 bis den 2. Juni 1840 zum Bistum Namouer gehéiert huet.

Vun 1833 un hat d'Stad Lëtzebuerg, déi no der belscher Revolutioun als eenzeg dem hollännesche Kinnek Wëllem I. trei bliwwe war, eng eegestänneg kierchlech Verwaltung, mat dem Abbé Johann Theodor Van der Noot (1769-1843) als Apostolesche Vikar un der Spëtz.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arthur Herchen: Manuel d'histoire nationale. Sixième édition revue et augmentée par Nicolas Margue et Joseph Meyers. P. Linden, Luxembourg 1952, S. 187. Kuckt och: M. Faltz: Heimstätte U.L. Frau von Luxemburg. 3. vermehrte Aufl. St. Paulus-Druckerei, Luxemburg 1948, S. 75-77. Nicolas Majerus: L'érection de l'évêché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg 1951, S. 136-143.