Nicolas Majerus (Geeschtlechen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist, Geeschtlechen an Auteur Nicolas Majerus. Fir de Kardiolog an Deputéierte mam selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Majerus (Politiker).
Nicolas Majerus
Gebuer 31. Oktober 1892
Gestuerwen 14. Mäerz 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Nicolas Majerus gebuer den 31. Oktober 1892 zu Useldeng, a gestuerwen de 14. Mäerz 1964, war e lëtzebuergesche Jurist, Geeschtlechen, Historiker an Auteur.

Den Nicolas Majerus huet zu Berlin, Paräis an um Institut catholique Droit studéiert an huet 1922 mat senger Thees La situation légale de l'Eglise au Grand-Duché de Luxembourg zum Docteur en Droit promovéiert. Zanter 1917 war e Geeschtlechen. Well hien zu Lëtzebuerg keen zousätzlechen Exame gemaach huet, ass en do net um Barreau ugeholl ginn. Hie gouf Redakter beim Wort an huet 3 Joer drop d'Leedung vum Kathoulesche Volksveräin a vum Luxemburger Volk iwwerholl. 1930 war hien ee vun de Matgrënner vum Jongbauerebond. 1936 gouf en Aumônier um Kolléisch.

Den Nicolas Majerus huet sech ëm d'Volleksbibliothéike beméit a war Auteur vun enger Rei Bicher, ë. a. iwwer d'Gesellschaften ouni Gewënnzweck, d'Spuer- a Kreditgenossenschaften, iwwer d'Gestioun vun der Kierch hire Gidder an iwwer d'Geschicht vum Droit zu Lëtzebuerg. Säi gréisste Projet, iwwer d'Lëtzebuerger Gemengen no hire Weistëmer an Akten, konnt en net ofschléissen.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La situation légale de l'Église catholique au Grand-Duché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 1926.
  • Les associations sans but lucratif et les établissements d'utilité publique dans le Grand-Duché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1930.
  • L'administrations des biens d'Église dans le Grand-Duché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 1937.
  • L'oeuvre civilisatrice de l'Église catholique dans le Grand-Duché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1935.
  • Un droit luxembourgeois existe-t-il et comment faut-il l'étudier? ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus),.
  • Histoire du Droit dans le Grand-Duché de Luxembourg ; 2 Bänn: Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1949.
  • L'érection de l'évêché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1951; 603 Säiten + 1 Kaart (net am Text) vun der Opdeelung vum alen Herzogtum iwwer 6 (Äerz-)Bistümer: Tréier, Köln, Léck, Reims, Verdun a Metz.
  • Die Luxemburger Gemeinden nach den Weistümern, Lehenserklärungen und Prozessen ; 7 Bänn: Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1955-1963 (d'Série konnt net ganz ofgeschloss ginn).